Las Médulas

Vu Wikipedia
Panorama vu Las Médulas

Las Médulas ass eng Landschaft aus roudelzegem Sandsteen an där Käschtebeem an Eeche wuessen. Se läit am Comarque El Bierzo, an der Provënz León a Spuenien. Et ass déi d'Plaz, wou an der Réimerzäit, vum 1. Joerhonnert viru Christus bis an d'3. Joerhonnert eran no Gold gesicht gouf. Déi Sich nom Gold huet d'Landschaft nohalteg markéiert.

Scho virun de Réimer gouf do iwwer Dag no Gold gesicht, andeems Sand a Bulli geschwänkt goufen. An der Zäit vum Plinius dem Eelere goufen 20.000 Pond Gold d'Joer gefërdert. Dofir hu missen, bannent ronn 250 Joer, 500 Millioune Meter Kibb Buedem verschafft ginn. D'Fërderung geschouch duerch de System vun der sougenannter ruina montium: Dofir goufe Stauwierer gebaut, fir d'Waasser vum Floss Cabo ze stauen. Vun do aus gouf et dann iwwer kilometerlaang Kanäl vun 1,2 bis 1,6 Meter Breet, déi eng liicht Pente vu knapps engem Prozent haten, an an de Sandstee gegruewe waren, biergoflafe gelooss. Ënne gouf dann d'Waasser nees a Basengen opgefaangen, fir datt de Sand (an d'Gold) sech ofsetze konnten, an d'Gold dann erausgewäsch konnt ginn.

Zanter 1997 ass de Site vu Las Médulas als Weltierwe vun der UNESCO klasséiert.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (en) P. R. Lewis, G. D. B. Jones, « Roman gold-mining in north-west Spain », Journal of Roman Studies vol. 60, 1970, pages 169-185
  • (es) Francisco Javier Sánchez-Palencia, Las Médulas (León). Un Paisaje en la Asturia Augustana, Instituto Leonés de Cultura
  • (es) Fernando Bello Garnelo, La Toponimia de la Zona Arqueológica de Las Médulas (León), Universidad de León

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Las Médulas – Biller, Videoen oder Audiodateien