Laziza Umarova

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lasisa Umarova)
Laziza Umarova
Gebuer 25. November 1983
Aktivitéit Philolog
Famill
Bestuet mat Laurent Fels

D'Laziza Umarova, gebuer de 25. November 1983 zu Madaniyat am Usbekistan, ass eng Philologin. Si huet däitsch Philologie fir d'éischt op der Universitéit Namangan (BA), duerno op der Universitéit Tréier (MA) studéiert, wou si ausserdeem nach en Zousazzertifikat fir Deutsch als Fremdsprache gemaach huet. Si ass mam lëtzebuergesche Schrëftsteller a Literaturprofesser Laurent Fels bestuet.

D'Laziza Umarova beschäftegt sech mat däitscher Literatur aus dem 20. Joerhonnert a mat däitschsproochege lëtzebuergeschen Auteure wéi dem Roger Manderscheid, Robert Gliedner, Emile Hemmen a Paul Henkes.