Laténgiséierung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Laténgiséierung ass d'Praxis fir net-laténgeschen Nimm oder Wierder e laténgesche Stil ze ginn, entweder am But vun enger méi einfacher internationaler Kommunikatioun oder fir e besseren Androck ze maachen.

Et kann een dofir en Numm de laténgesche Lauter upassen (z. B. Geber fir dat arabescht Jabir), den Numm an d'Latäin iwwersetzen (z. B. Mercator fir Kréimer), oder e fonkelnotzneien Numm eraussichen op Basis vun Eegeschafte vun der Persoun oder dem Objet (z. B. Noviomagus fir den Daniel Santbech, méiglecherweis vum laténgeschen Numm vun der Stad Nijmegen).

D'Laténgiséierung geet also méi wäit wéi d'Romaniséierung, bei där e Wuert aus enger anerer Schrëft (z. B. a Kyrilliza) just an dat Laténgescht Alphabet ëmgeschriwwen, mä net verännert gëtt.

Beispiller wou dëst geschouch gëtt et eng Rëtsch:

  • D'Réimer selwer hu friemsproochlech, dacks griichesch Wierder un d'Latäin ugeglach (z. B. χρυσόλιθος "chrysólithos - Goldtopas" gouf an der Antikitéit laténgiséiert zu chrysolithus[1][2]).
  • Spéider, virun allem zanter dem Mëttelalter, gouf fir eng Verstännegung iwwer Landes- a Sproochgrenzen ewech en etlech Begrëffer an d'Latäin gesat (z. B. déi biologesch Nomenklatur vun den Aarten, oder medezinesch Fachbegrëffer an Europa).
  • Am Humanismus war et Moud fir den eegene Familljennumm ze veränneren, fir sech sproochlech vum Mëttelalter ofzegrenzen an den Uschloss un d'Spéitantikitéit ze suggeréieren (z. B. duerch d'Unhänke vun engem laténgesche Suffix, wéi Berg zu Bergius, oder duerch d'Iwwersetzung vum Begrëff, wéi Fëscher zu Piscator/Pescator, oder nach méi bekannt Georg Bauer zu Georgius Agricola a Michel de Nostredame zu Nostradamus).

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Wilhelm Gemoll: Griechisch-Deutsches Schul- und Handwörterbuch. München/Wien 1965.
  2. Erich Pertsch: Langenscheidts Großes Schulwörterbuch Lateinisch-Deutsch. Langenscheidt, Berlin 1978