Laterna magica

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Laterna magica

D'Laterna magica, och Lantermajik oder Skioptikon genannt, (laténgesch: „Zauberlanter“) ass e Projektiounsapparat, dee vum 17. bis an d'20. Joerhonnert eran a ganz Europa verbreet war an am 19. Joerhonnert zu engem Massemedium ginn ass. Si ass eng technesch-apparativ Zesummefaassung vu bekannten opteschen Effekter an engem eenzegen Instrument.

Funktiounsweis[änneren | Quelltext änneren]

Laterna Magica bzw. Skioptikon (aus Meyers Konversationslexikon)

D'Laterna Magica ass eng Projektiounsvirriichtung, déi nom ëmgekéierten optesche Prinzip vun der Camera obscura funktionéiert: Et handelt sech ëm eng Këscht mat enger Ëffnung, an där eng Luuchtquell ass – am 17. Joerhonnert am Ufank eng einfach Käerz, Uelegluucht oder Fakel, duerno e Kallekliicht oder eng elektresch Luucht. D'Luucht geet duerch d'Ëffnung an duerch e Lënsesystem op der viischter Säit vun der Këscht no baussen. Ën Huelspigel hanner der Luuchtquell erhéicht d'Hellegkeet vum Luuchtstral deen erauskënnt. An der Bildféierung, déi zwëscht der Këscht an dem Lënsesystem ubruecht ass, ginn d'Laternbiller agefouert a mat der ausfalender Luucht projezéiert. An der Bildféierung si Mechanismen integréiert fir de Billerwiessel an oft och fir Billerbewegungen. Biller, mä och Schrëft, Faarfspiller oder Ornamenter ginn op déi Aart a Weis op eng Projektiounsfläch (meeschtens eng Läinwand) geworf. D'Laterna Magica ass domat de Virleefer vun der moderner Dia- a Filmprojektioun.

Virféierung an Asazgebidder[änneren | Quelltext änneren]

Laterna-Magica-Virféierung op engem Bild vum Paul Sandby vun ëm 1760

Ubidder vun de Virféierunge ware virun allem net sesshaft Schausteller, déi hir Laterna-Magica-Programmer op Joermäert, Foiren oder a Varietétheatere presentéiert hunn. Och a Kierchen an a Wiertshäiser goufe Laterna-Magica-Virféierungen organiséiert. Déi Virféierungen hu bis zu zwou Stonne gedauert a goufe mat Musek souwéi vun engem Erzieler oder „Lecturer“ begleet, deen d'Biller kommentéiert an dobäi de Publikum mat abezunn huet.

Nieft dem breede Feld vun der Ënnerhaalung gouf d'Laterna Magica virun allem vum 19. Joerhonnert un och a groussem Ëmfang zum Zweck vun der Volleksbildung an Erzéiung agesaat.

Lanterebiller[änneren | Quelltext änneren]

D'Biller, déi fir d'Projektioun an d'Lantermajik agefouert ginn, waren entweder gemoolt (geleeëntlech och gedréckt) oder méi spéit Fotoen, déi meeschtens gefierft waren. Trägermedium fir transparent Faarfflächen an opak Konturen ass Glas.

Norméiert Billerformater sinn eréischt am 19. Joerhonnert am Laf vun der industrieller Produktioun festgeluecht ginn. D'Formater vun de Glasprojektiounsbiller an d'Gréisste vun den Apparater hunn zum Deel beträchtlech variéiert. Sou ware Lantermajike fir ze Spillen a Biller fir de Privatgebrauch méi kleng wéi Projektiounsapparater fir professionell Virféierungen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rossell, Deac: Laterna Magica – Magic Lantern (Stuttgart 2008) ISBN 978-3-940769-00-8
  • Cromptom, Dennis u. a.: Servants of Light. The Book of the Lantern (London 1997)
  • Ganz, Thomas: Die Welt im Kasten. Von der Camera obscura zur Audiovision (Zürich 1994) ISBN 3-85823-507-5
  • Hick, Ulrike: Geschichte der optischen Medien (München 1999) ISBN 978-3-7705-3360-2
  • KINtop 8: Film und Projektionskunst (Frankfurt 1999) ISBN 3-87877-788-4
  • Robinson, David: The Lantern Image. Iconography of the Magic Lantern 1420-1880 (London 1993)
  • Schmidt, Gunnar: Weiche Displays. Projektionen auf Rauch, Wolken und Nebel (Berlin 2011) ISBN 978-3-8031-5180-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Laterna magica – Biller, Videoen oder Audiodateien