Laurens Mauquoi

Vu Wikipedia
Laurens Mauquoi
Gebuer 1987
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Blogger

De Laurens Mauquoi, 1987 zu Léiwen an der Belsch gebuer, an zu Lëtzebuerg opgewuess, ass en Auteur a Wäinexpert. 2012 ass d'Buch Luxemburger Wein - Vin luxembourgeois vum Rudi & Laurens Mauquoi bei de Lëtzebuerger Éditions Schortgen erauskomm, dat de Laurens Mauquoi zu Lëtzebuerg an de Spezialistekreesser bekannt gemaach huet.

Donieft publizéiert de Laurens Mauquoi reegelméisseg Artikelen op sengem Blog der-weinsnob.de, deen op d'Wäiner spézialiséiert ass, déi an de Supermarchéen ugebuede ginn.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Rudi & Laurens Mauquoi, Luxemburger Wein - Vin luxembourgeois, Éditions Schortgen, Luxembourg 2012

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]