Laurent

Vu Wikipedia

Laurent ass ee franséischen Numm, deen aus dem laténgesche Laurentius kënnt.

Etymologesch staamt den Numm vum laténgesche Wuert laurus, "laurier" oder Lorberbam, of. Dofir heescht deen Numm och wuertwiertlech iwwersat "dee mam Lorberkranz". Enger anerer Erklärung no kéim "Laurent" vun der réimescher Stad Laurentum (Latium), géif also en Awunner vu Laurentum bezeechnen. Laurentum war bekannt fir seng Lorberbeem, domat schléisst sech den etymologesche Krees.[1]

Déi weiblech Form vu Laurent ass Laurence.

Den 1.1.1987 gouf et zu Lëtzebuerg 875 Jongen a Männer, déi de Virnumm "Laurent" haten an 266 Meedercher an Dammen, déi "Laurence" geheescht hunn.[2]

Aner Versioune vu "Laurent"[änneren | Quelltext änneren]

  • Lëtzebuergesch: Lorenz, Luerenz[3]
  • Däitsch: Lorenz, Laurenz
  • Englesch: Lawrence
  • Italieenesch: Lorenzo
  • Russesch: Лаврентий (<lawrénti>)

Och de Familljennumm Lentz, resp. Lenz, geet op eng Kuerzform vun dësem Patronym zeréck.

Kuckt och: de Familljennumm Laurent.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Laurentum Names.
  2. Statec: Die Luxemburger und ihre Vornamen: Geschichte und Herkunft der Vornamen der Luxemburger. RTL Edition, Luxemburg 1987, S. 87.
  3. Luxemburger Wörterbuch, Bd. 3, S.61.