Laurent Mignon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Laurent Mignon, gebuer de 6. August 1971 zu Arel, ass e lëtzebuergesche Professer a Schrëftsteller.
Hien huet zu Ettelbréck gewunnt an duerno zu Bréissel, Amman, Istanbul, an zu London.
Op der School of Oriental and African Studies zu London huet hie studéiert an do säin Doktorat iwwert d'Thema vun der Léift an der moderner tierkescher Dichtung gemaach. Hien huet e bëssen Arabesch, e bësse Georgesch a vill Tierkesch studéiert.
Haut ass e Professer fir tierkesch Literatur op der Universitéit vu Bilkent zu Ankara.
De Laurent Mignon ass Member vum LSV, dem Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.
Hien ass de Jong vum Léandre Mignon .
Publikatiounen [änneren]
De Laurent Mignon schreift haaptsächlech op Franséisch an Tierkesch, heiansdo och op Englesch.
- Gedichter
- Pierres et Poètes, Bréissel & Lëtzebuerg: Memor & Les cahiers luxembourgeois, Abrëll 2004.
- Gedichter (Iwwersetzungen)
- Nizar Kabbani: Askin Kitabi, Istanbul: Ayisigikitaplari, 2000.
- Gezginin Günlügü, Ankara: Hece, 2002.
- Tigres de papier et monstres édentés, Bréissel & Lëtzebuerg: Memor & Les cahiers luxembourgeois, 2003.
- Literaturwëssenschaft
- Çagdas Türk Siirinde Ask Âsiklar Mekânlar, Ankara: Hece, 2002.
- Elifbâlar Sevdasi, Ankara: Hece 2003.
- Neither Shiraz Nor Paris , Istanbul : The Isis Press, 2005.
- Lettres de Turquie et d’ailleurs, Bréissel & Lëtzebuerg: Memor & Les cahiers luxembourgeois, 2006.
