Laurent Ney
| Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Laurent Ney, gebuer den 8. Abrëll 1964 zu Diddenuewen, ass e lëtzebuergesche Bauingenieur, deen zënter 1984 an der Belsch lieft a schafft.
Vun 1984 bis 1989 huet hien op der Faculté des sciences appliquées vun der Universitéit vu Léck studéiert, déi hie mat engem Diplôme d'ingénieur civil des constructions ofgeschloss huet.
Nodeems hie vun 1989 bis 1996 als Ingenieur beim Bureau d'études Greisch an der Belsch geschafft hat, gouf hien 1996 Ingenieur-conseil indépendant.
Zesumme mat senger Fra, der Architektin Nathalie Ries, huet hien 1996 zu Lëtzebuerg den Ingenieurs- an Architektebureau T6, Société à responsabilité limitée gegrënnt,[1] deen 2005 an T6-Ney&Partners, S.à r.l. ëmbenannt gouf.[2]
1998 huet hien den Ingenieursbureau Ney&Partners, s.a. an der Belsch gegrënnt, vun deem hien zënterhier Administrateur délégué ass.
Inhaltsverzeechnes |
Wierker vu sengem Bureau [änneren]
Zu Lëtzebuerg [änneren]
An der Belsch [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Biographie vum Laurent Ney op der Websäit vun Ney&Partners (fr)
Referenzen [änneren]
- ↑ Statuten, publizéiert am Mémorial C—N°38 vum 29. Januar 1997, S. 1800
- ↑ Statutenännerung, publizéiert am Mémorial C—N°1214 vum 16. November 2005, S. 58269