Lavaséi

Vu Wikipedia
Lavasee an engem Pitkrater um Erta Ale.
Lavaséi um Kīlauea.
Lavaséi op Ambrym, Vanuatu.
Den erstarrte Lavaséi Lacus Bonitatis um Äerdmound, opgeholl vun der Raumsond Clementine

E Lavaséi ass eng Usammlung vu flësseger Lava an enger Dällt, meeschtens an engem Vulkankrater. Heiansdo gëtt de Begrëff och fir e verstengerte Lavaséi gebraucht. Wann d'Lava an engem Vulkankrater mat direkter Lavazouféierung vun ënnen ass, bezeechent een dat als primäre Lavaséi, gouf de Séi dogéint duerch uewerierdesch Zouflëss gefiddert, schwätzt ee vun engem sekundäre Lavaséi.

Déi meescht aktiv Lavaséië bestinn aus basaltescher Schmëlz, ausser dem Séi vum Mount Erebus, deen eng phonolithesch Schmëlz opweist.

Verhalen[änneren | Quelltext änneren]

Déi routgléient Lava déi vun ënnen eropkënnt, fänkt beim Erreeche vun der Uewerfläch direkt un ofzekillen a formt eng dënn schwaarz Kuuscht. Well déi Kuuscht méi schwéier gëtt, wéi déi gliddeg flësseg Lava, gëtt si nees vun der Lava geschléckt, wat ee scho mat der Subduktioun bei der Plackentektonik verglach huet. Wann d'Zoufuer vu frëschem Magma oder gliddege Gase grouss ass, fänkt de Séi, oder Deeler dovun, hefteg un ze spruddelen, bis hin zum Ausscheede vu Schlaken a Bommen.

Vill vun den aktuellen aktive Lavaséie si schonn laang aktiv, dobäi kann d'Héicht vum Lavaspigel awer staark variéieren. Munnechmol kann de Séi och iwwerlafen, wéi dat um Kilauea dacks de Fall ass an éischter harmlos verleeft. 1977 hat sech um Nyiragongo eng Spléck um Kraterrand opgemaach an de Lavaséi war ausgelaf. De Lavastroum dee séier gelaf ass, hat 600 Mënscheliewe gefuerdert.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

De Vulkan Kilauea op Hawaii huet ëmmer nees Lavaséien a verschiddene Kratere geformt.[1],[2] Dat lescht grousst Evenement mat dem Offalen an dem Neiopfëlle vu Lavaséie war am Mäerz 2011 an hat de Krater Pu'u 'O'o an den Halema'uma'u betraff.

Aktiv Lavaséien[änneren | Quelltext änneren]

Op der Äerd gëtt et (Stand 1. Abrëll 2011) nëmme wéineg aktiv Lavaséien:

Verstengert Lavaséien[änneren | Quelltext änneren]

En ettlech verstengert Lavaséie sinn am Fort Rock Basin, am US-Bundesstaat Oregon banne vu pleistozenen Tuffréng ze fannen. Och bei Dimmuborgir um Séi Mývatn an Nordisland handelt et sech ëm d'Reschter vun engem verstengerte Lavaséi.

Méi jonk Beispiller fënnt een um Kilauea, wou ënner anerem 1959 de Kilauea-Iki-Krater duerch e Lavastroum 116 m opgefëllt gouf an du lues verstengert ass. Domat ass dat och e Beispill fir e sekundäre Lavaséi.[4] Ënner anerem konnt an deem Lavaséi duerch Buerungen den Temperaturverlaf an d'magmatesch Differentiatioun beim Prozess vum Verstengeren observéiert an analyséiert ginn. Sou huet et am nëmmen 20 m déiwe Alae-Lavaséi bal 400 Deeg gedauert, bis hie ganz zolidd war, d'Temperatur ënner 1000 °C an d'Solidustemperatur vum Basalt, ofgefall war.[5]

Ausserierdesch Lavaséien[änneren | Quelltext änneren]

Op dem Jupitermound Io ginn an ettleche Vulkankrateren aktiv Lavaséie ugeholl. Beispiller si Loki Patera an Tupan Patera. Op eisem Äerdmound gëtt et och Lavaséien, déi awer erkaalt sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Francis, Clive Oppenheimer: Volcanoes. Oxford University Press, Oxford 2004, ISBN 0-19-925469-9, S. 116.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Fotoen an Videoen[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lavaséien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Aner[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Summary of Historical Eruptions, 1750 - Present Archivéiert op 2017-01-06. Gekuckt de(n) 2011-10-17.
  2. The 1924 explosions of Kilauea. Archivéiert op 2011-10-17. Gekuckt de(n) 2011-10-17.
  3. Ambrym.
  4. Hans Pichler, Thomas Pichler: Vulkangebiete der Erde. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg 2007, ISBN 978-3-8274-1475-5, S. 170
  5. Hans-Ulrich Schmincke: Vulkanismus. Primus-Verlag, Darmstadt 2010, ISBN 978-3-89678-690-6, S. 28.