Le Jeudi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Le Jeudi ass eng lëtzebuergesch Wochenzeitung a franséischer Sprooch, déi zënter dem 17. Abrëll 1997, wéi den Numm et seet, donneschdes bei den Editions Editpress erauskënnt. Den Ënnertitel ass: "L'hebdomadaire luxembourgeois en français".
Inhaltsverzeechnes |
Zuelen [änneren]
Räichwäit [änneren]
2005/2006 hunn, der Etude Plurimedia no, duerchschnëttlech 7,20 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch de Jeudi gelies. 2006/2007 waren dat der 7,70%; 2007/2008 8,10% an 2008/2009 7,10%.[1] D'Zuele fir 2009/2010 goufe bis op weideres net public gemaach.[2]
Pressehëllef [änneren]
2011 huet de Jeudi 327 751 € staatlech Pressehëllef kritt.[3]
Oplo [änneren]
Verkaaften Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel beglaubegt gouf:[4]
| uganks 2000 | ... | 4. Trimester 2008 | 2. Tr. 2009 | 4. Tr. 2009 | 2. Tr. 2010 | 4. Tr. 2010 |
|---|---|---|---|---|---|---|
| 3.410 | ... | 3.062 | 2.923 | 2.810 | 2.736 | 2.692 |
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.25.
- ↑ R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
- ↑ Rapport d'activités vum Ministère de l'Etat 2011, S.20-21.
- ↑ Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004, Luxembg. 2004, S.226; dees.: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäiluecht Communication, S. 10; dees.: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5 an dees.: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäiluecht Communication, S.8.