Le Petit Prince

Vu Wikipedia
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Le Petit Prince ass dat wuel bekanntste Wierk vum franséischen Auteur a Pilot Antoine de Saint-Exupéry. Et handelt sech ëm eng poetesch a philosophesch Erzielung. D'Originalausgab ass déi Englesch Iwwersetzung, déi de 6. Abrëll 1943 beim New-Yorker Editeur Reynal & Hitchcock erauskoum.[1] Déi éischt franséisch Editioun koum e puer Deeg drop, den 20. Abrëll 1943 beim selwechten Editeur eraus.[2] Eréischt am Abrëll 1946 kënnt d'Buch a Frankräich eraus (bei Gallimard).

Le Petit Prince gehéiert zu deene Wierker, déi am meeschten iwwersat goufen.[3] D'Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Josy Braun, De klenge Prënz, koum 1994, 50 Joer nom Auteur sengem Doud, bei Éditions Phi eraus. Hei e klengen Auszuch:

A, klenge Prënz, lues a lues hunn ech däi klengt melancholescht Liewe ver­stanen. Fir dech opzemonteren has de laang weider näischt wéi d'Sonn, wann déi lues ënnergaangen as. Dat hunn ech dee véierten Dag verstanen, wéi s de mer gesot hues: Ech gesi sou gär, wann d'Sonn ënnergeet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Saint-Exupéry, Antoine de, 1943a. The little prince. Written and drawn by Antoine de Saint Exupéry, translated from the French by Katherine Woods. New York, Reynal & Hitchcock. 91, [3] p. incl. col. front., ill. (part col.) 23 x 19 cm. [Originaleditioun]
  • Saint-Exupéry, Antoine de, 1943b. Le petit prince, avec dessins par l'auteur. New York, Reynal & Hitchcock. 91 p., illus. (part col.) 23 cm. [1. Editioun vum franséischen Originaltext]
  • Saint-Exupéry, Antoine de, 1994. De Klenge Prënz. Iwwersat vum Josy Braun. Éditions Phi, Iechternach, Lëtzebuerg. ISBN 3-88865-118-2.
  • Vircondelet, Alain, 2008. La véritable histoire du Petit Prince. Flammarion, Paris, 219 p. (ISBN 978-2-08-120901-5)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. Saint-Exupéry 1943a an der Literatur. Kuckt och d'Fiche vun der Library of Congress.
  2. Cf. Saint-Exupéry 1943b an der Literatur. Kuckt och d'Fiche vun der Library of Congress.
  3. Lëschte fënnt een op http://www.antoinedesaintexupery.com an op https://web.archive.org/web/20200815050415/http://www.gallimard.fr/catalog/html/PetitPrince/