Le Sablon (Moselle)

Vu Wikipedia
Le Sablon

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Metz
Kanton Metz-1
Postcode 57000, 57050, 57070
Gemengecode 57463
Koordinaten 49° 06’ 01’’ N
      06° 10’ 40’’ O
Fläch  246 ha
Bevëlkerung  17 000 (2011)

Le Sablon och dacks einfach Sablon ass e Quartier vun der franséischer Stad Metz am Departement Moselle. Am Oste mécht d'Seille déi natierlech Grenz, mä am grousse Ganzen ass de Quartier ronderëm vun de verschiddene Metzer Eisebunnslinnen a Rangéiergaren ageschloss.

Den ëstechen Deel op der Seille läit op enger Héicht vun 170 Meter. En ass flaach a gëtt bei Héichwaasser iwwerschwemmt, wärend de westlechen Deel op engem klengen Hiwwel vun ëm déi 185 m läit.

Wéinst den Eisebunnen a wéinst der Baach ass et onméiglech an de Quartier ze kommen ouni iwwer eng Bréck oder duerch en Tunnel ze fueren.

Den historesche Wope mam Graoully

Kuckt och[Quelltext änneren]