Leader
Leader ass eng Initiativ vun der Europäescher Unioun fir d'Fërderung vun der Entwécklung vum ländleche Raum. De Kierzel steet fir "Liaisons entre actions de développement de l'économie rurale".
D'Leader-Approche encouragéiert d'Bevëlkerung an hir Vertrieder a Veräiner a Gemenge fir sech Gedanken iwwer d'Entwécklungspotential vun hirem Gebitt ze maachen, an hir Schlussfolgerungen a Form vun Entwécklungsprojeten ëmzesetzen. Idealerweis geschitt dat am Kader vu Partnerschaften tëschent verschiddenen Acteure vun der ländlecher Entwécklung wéi z. B. Vertrieder vu soziokulturelle Vereenegungen a Representanten aus Tourismus, Wirtschaft, Schoulwiesen an aus der lokaler a regionaler Politik. Haaptziler sinn dobäi d'Verbesserung vun der Liewensqualitéit an d'Diversifizéierung vun der regionaler Economie.
Folgend Elementer spillen an der Leader-Initiativ eng wichteg Roll:
- Ausschaffe vun enger multisektorieller Entwécklungsstrategie (business plan) fir e kloer ofgegrenzt Gebitt dat tëschent 10.000 an 100.000 Awunner huet;
- Zesummestelle vu lokalen Aktiounsgruppen (ofgekierzt LAG[1]), un deene sech Partner aus dem ëffentlechen a private Secteur bedeelegen. De private Secteur muss op d'mannst mat 50% vertruede sinn.
- Bottom-up-Approche, bei där d'Iddie vun de Leit kommen an hir Ëmsetzung vun enger regionaler Partnerschaft matgedroe gëtt;
- D'Projete sollen innovativ sinn.
- Duerchféiere vu gemeinsame Projete mat aneren Aktiounsgruppen zu Lëtzebuerg an am Ausland.
Geschicht [änneren]
D'Europäesch Kommissioun huet d'Initiativ Leader 1989 an d'Liewe geruff fir de ländleche Raum, deen am Ëmbroch war, an u Bedeitung verluer huet, ze stäipen, him nei Entwécklungschancen z'erschléissen a ganz einfach e neie Wee ze probéieren. Prioritär Ziler waren d'Schafe vun neien Aarbechtsplazen an d'Verbesserung vum soziokulturelle Liewen.
Bis elo gouf et 4 Oploe vun der Initiativ:
- 1989-1993: Leader I
- 1994-1999: Leader II
- 2000-2006: Leader +
- 2007-2013: Leader
Leader zu Lëtzebuerg [änneren]
Leader I [änneren]
Den Ufank vun der Initiativ hunn zu Lëtzebuerg eng Handvoll Gemengen aus dem Uewersauer-Gebitt gemaach.
Beispill vun engem bekannte Projet: Téi vum Séi.
Leader II [änneren]
Tëschent 1994 an 1999 gouf d'Zilgebitt vun der Initiativ op de ganzen Norde vum Land ausgebreet. Et sinn 2 Leader-Gruppen entstanen:
- LAG Réiden-Wolz am Weste vum Éislek
- LAG Klierf-Veianen am Nordoste vum Éislek
Beispill vun engem bekannte Projet: Guichet unique PME
Leader + [änneren]
Tëschent 2000 an 2006 gouf d'Zilgebitt vun der Initiativ op de ganze ländleche Raum vum Land ausgeweit. 4 Leader-Gruppe konnten europäesch Hëllefe kréien:
- LAG Réiden-Wolz am Weste vum Éislek
- LAG Klierf-Veianen am Nordoste vum Éislek
- LAG Mëllerdall am Nordoste vum Guttland
- LAG Miselerland am Oste vum Guttland
Eng fënneft Grupp ass am Westen entstanen an ass ouni europäesch Hëllef, mä mat lokalen an nationale Mëttele finanzéiert ginn:
- LAG Äischdall+ am Weste vum Guttland
Beispill vun engem bekannte Projet: Konzept an Ariichtung vun Internetstuffen a Koordinatioun vu Computer- a Sproochecoursen iwwer den Tripticon an der Regioun Norden.
Leader [änneren]
Folgend lokal Aktiounsgruppen hunn am Kader vun der neier Fërderperiod en Aktiounsprogramm eraginn:
- LAG Réiden-Wolz am Weste vum Éislek
- LAG Klierf-Veianen am Nordoste vum Éislek
- LAG Mëllerdall am Nordoste vum Guttland
- LAG Miselerland am Oste vum Guttland
- LAG Mamer-, Äisch- an Atertdall+ am Weste vum Guttland
Fir den Zäitraum 2007-2013 stinn de Leader-Gruppen europäesch Fërdermëttele vu 5,2 Mio. € zur Verfügung, dëst am Kader vum nationale Programm fir d'Entwécklung vum ländleche Raum[2].
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Websäit vun der Leader-Initiativ bei der EU-Kommissioun
- Websäit vun der Leader-Initiativ zu Lëtzebuerg
- Websäit vum Leader-Grupp Klierf-Veianen
- Websäit vum Leader-Grupp Mamer-, Äisch- an Atertdall+
- Websäit vum Leader-Grupp Mëllerdall
- Websäit vum Leader-Grupp Miselerland
- Websäit vum Leader-Grupp Réiden-Wolz
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |
Referenzen [änneren]
- ↑ Op Däitsch: Lokale Aktionsgruppe (LAG); op Franséisch: Groupe d'action locale (GAL)
- ↑ Op Däitsch: nationales Entwicklungsprogramm Ländlicher Raum (ELR). Cf. Programme de développement rural du G.-D. de Luxembourg (2007-2013) / « Pour une campagne vivante ». Ministère de l'agriculture, de la viticulture et du développement rural, gouvernement du grand-duché de Luxembourg. Version approuvée le 19 octobre 2007 par la Commission Européenne ( CCI 2007 LU 06 RPO 001 ) PDF > 6 MB.
