Leander McCormick Observatory

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Leander McCormick Observatory, 1890

De McCormick Observatory ass en Observatoire vun der University of Virginia a steet zu Charlottesville, Virginia (USA) op dem Bierg Mount Jefferson, deen dofir och Observatory Hill genannt gëtt).[1]

Den Observatoire ass nom Leander J. McCormick benannt, deen e Groussdeel vun de Gelder fir den Teleskop an den Doum gespend hat. Den Observatoire gouf 1885 fäerdeg gebaut an huet e Lënsenteleskop mat engem Duerchmiesser vu 65cm, hiergestallt vun Alvan Clark & Sons. D’Kuppel huet en Duerchmiesser vu ronn 15 Meter a gouf vum Warner and Swasey entworf.

D’wëssenschaftlech Ënnersichunge konzentréierte sech op Distanzbestëmmung vu Stären no der Parallaxe-Method, op dës Art a Weis goufen dausende Stäre vermooss. Den Observatoire déngt haut der Ausbildung vu Studenten a fir déi populär Astronomie de Leit méi no ze brengen.

[änneren] Literatur

  • Letter to the Hon. R. W. Thompson, Secretary of the Navy, Announcing the Discovery of the Satellites of Mars, in Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, 1877, vol 37, page 443-445, by John Rodgers
  • History of McCormick Observatory [1]

[änneren] Um Spaweck

Saturn 01.svg Portal Astronomie


[änneren] Referenzen

Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 38° 01’ 57.73’’ N 78° 31’ 20.61’’ W
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen