Lech Wałęsa
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Lech Walesa)
De Lech Wałęsa (IPA: [ˈlɛx vaˈwɛ̃sa]); gebuer den 29. September 1943 zu Popowo, ass e polnesche Politiker a fréiere Gewerkschaftler a Mënscherechtsaktivist. Hie war Elektriker op der Schëffswerft zu Gdańsk a Matgrënner vun der Gewerkschaft Solidarność (Solidaritéit), der éischter onofhängeger Gewerkschaft am deemolegen Ostblock. Fir säin Asaz huet hien 1983 de Friddens-Nobelpräis kritt. Hie war tëscht 1990 an 1995 President vu Polen.
| Commons: Lech Wałęsa – Biller, Videoen oder Audiodateien |