Lee (Steen)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Bréckepilier aus décke Leeën, zu Uewermaarteleng, op der Janglisstreck

Leeën sinn eng méthamorph Fielsformatioun, déi ënner héijem Drock an héijen Temperaturen enstanen ass. Si gehéieren zu de Schiferformatiounen. Et sinn am allgemenge Fielsformatiounen, déi an enger Direktioun a méi oder wéineger déck Placke gespléckt kënne ginn. Leeë fënnt een an eruptive Formatiounen grad esou gutt wéi a geschichte Formatiounen, an deene leschte fënnt ee se méi dacks.

Leeë ginn ënnerscheet jee nodeems aus water Gestengs se kommen, wéi z. B. Mikasleeën, Tremolitleeën, Kiselleeën, Tounleeën, a Kallekleeën.

Nom Gebrauch gëtt et d'Leeë fir mam Griffel drop ze schreiwen, fir ze bauen, an d'Daachleeën.

Daachleeën [änneren]

Daachleeë si Leeën aus Tounschifer, wéi se vun de Leeëndecker gebraucht gi fir d'Diech ze decken, oder fir Maueren anzekleeden. Do ginn am léifsten déi donkel Zorte geholl, well déi besser ausgesinn, a méi laang halen.

Leeë ginn a Leekollen an a Schifergrouwen exploitéiert. De Façonnage d.h. d'Splécken, d'Schneiden an d'Poléieren, gëtt meeschten direkt gemaach, nodeems se erausgebrach goufen, well se dann nach méi mëll sinn, wat d'Aarbecht méi einfach mécht.

Leeëcouchë si meeschtens grouss, a leien net déif ënner dem Buedem. Grouwe ginn nëmme gebraucht, wann et virkënnt datt déi iewescht Leeën net ze gebrauchen sinn, an a Fäll, wa se ze déif leien, fir datt e ka rentabel ofgedeckt ginn.

Haiser zu Goslar mat Leeë gedeckt an agekleet.