Lee Kuan Yew

Vu Wikipedia
Lee Kuan Yew
Gebuer 16. September 1923
Singapur
Gestuerwen 23. Mäerz 2015
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Singapur
Educatioun London School of Economics,
Universitéit vu Cambridge,
Universitéit vu London
Aktivitéit Philosoph, Autobiograph, Affekot, Staatsmann, Politiker

De Lee Kuan Yew (Chineesesch: 李光耀 - Lǐ Guāngyào), och Lee Kwan-Yew oder Harry Lee, gebuer als Harry Lee Kuan Yew de 16. September 1923 zu Singapur an och do den 23. Mäerz 2015 gestuerwen, war e Politiker aus der Republik Singapur. Hie gouf 1959 deen éischte Premierminister vun deem Stadstaat 1959 a blouf dat bis 1990. Duerno war hien, als Senior Minister, bis 2004 Member vun der Regierung vu sengem Nofollger Goh Chok Tong, a vun du bis 2011 war e Minister Mentor an der Regierung vu sengem Jong Lee Hsien Loong, e Posten, deen extra fir hien op Mooss geschaf gouf.

2011 hat d'Regierungspartei PAP dat schlechste Walresultat zënter 1963 an de Lee huet sech, no 52 Joer, aus der Regierung zeréckgezunn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael D. Barr: Lee Kuan Yew: The Beliefs Behind the Man. Georgetown University Press, Washington D.C. 2000, ISBN 978-0-87840-816-0
  • Alex Josey: Lee Kuan Yew – The Crucial Years. Times Books International, Singapur / Kuala Lumpur 1980, ISBN 978-981-204-448-8
  • Kwang, Han Fook, Warren Fernandez, Sumiko Tan: Lee Kuan Yew: The Man and His Ideas. Singapore Press Holdings, Singapur, 1998, ISBN 978-981-204-049-7
  • James Minchin: No Man is an Island. A Study of Singapore's Lee Kuan Yew. Allen & Unwin, Sydney 1987, ISBN 978-0-86861-906-4
  • Klaus-Georg Riegel: Inventing Asian Traditions: The Controversy between Lee Kuan Yew and Kim Dae Jung. In: Development and Society 29, 1, 2000, S.75–96.
  • Helmut Schmidt: Jahrhundertwende: Gespräche mit Lee Kuan Yew, Jimmy Carter, Shimon Peres, Valery Giscard d'Estaing, Ralf Dahrendorf, Michail Gorbatschow, Rainer Barzel, Helmut Kohl und Henning Voscherau. Siedler, Berlin, 1998, ISBN 3-88680-649-9
  • Lee Kuan Yew: From Third World to First. The Singapore Story: 1965-2000. Memoirs. Times Publishing, Singapur 2000, ISBN 981-204-984-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lee Kuan Yew – Biller, Videoen oder Audiodateien