Leefer (Schach)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Schachfiguren | |
|---|---|
| Kinnek | |
| Damm | |
| Tuerm | |
| Leefer | |
| Sprénger | |
| Bauer | |
De Leefer (Unicode: ♗ ♝) ass eng Figur beim Schachspill. Zesumme mat dem Sprénger gehéiert en zu de Liichtfiguren an zu den Offizéier. Leefer kënnen hir Feldfaarf net wiesselen. Je no der Faarf vum Feld, op dem e Leefer steet, schwätzt ee vun engem wäissfeldregen bzw. engem schwaarzfeldrege Leefer.
Am Ufank vun enger Partie stinn zwéi wäiss an zwéi schwaarz Leefer op dem Briet. Jiddwer Partei huet ee Leefer op wäisse Felder an een op schwaarzen. De wäissen Dammeleefer steet am Ufank vum Spill op dem Feld c1, de schwaarzen op c8. De wäisse Kinneksleefer steet am Ufank vum Spill op dem Feld f1, de schwaarzen op f8.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Zuchméiglechkeeten a Wäert
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| E Leefer kann diagonal esou wäit zéie wéi ee wëll. |
Leefer zéien diagonal esou wäit iwwer d'Briet wéi ee wëll, woubäi se net iwwer aner Figuren ewechzéien däerfen. Ageschränkt gëtt de Leefer doduerch, datt e sech nëmmen op de Felder vun enger Faarf bewege kann.
De Wäert vun engem Leefer entsprécht mat dräi Bauereneenheeten ongeféier deem vun engem Sprénger. E Leefer steet wierkungsvoll, wann e vill Zuchméiglechkeeten huet. An oppene Stellungen ass de Leefer dem Päerd wéinst der méi grousser Räichwäit meeschtens iwwerleeën. Staark ass e Leeferpuer, dat an der Regel engem Spréngerpuer oder engem Leefer an engem Sprénger iwwerleeën ass. Leefer si laangschrëtteg Figuren, déi an engem Zuch vun enger Brietsäit op déi aner lafe kënnen, wann all Felder, déi dotëschent leien, fräi sinn.
[änneren] Geschicht
Am Schach vun den Inder, de Perser an den Araber gouf et de Leefer a senger haiteger Form nach net: A senger Plaz gouf et d'Figur vum Alfil oder Fil (persesch Bezeechnung fir Elefant). Op Latäin huet den Alfil meeschtens alphinus geheescht. Am Russesche gëtt de Leefer nach haut als слон (slon) - Elefant bezeechent.
Den Alfil ass diagonal op d'iwwernächst Feld gesprong, seng Räichwäit war domat beschränkt. Dës Zuchweis weist eng Parallel zu der Zuchweis vum Sprénger op. Duergestellt gouf d'Figur duerch zwee no uewe weisend symboliséiert Stousszänn vun engem Elefant. Mat der Aféierung vum Spill an Europa gouf dat dann ëmgedeit: D'Fransousen hunn et als Narrekap interpretéiert (déi franséisch Bezeechnung „fou“, den Narr, fir de Leefer ass eng Entstellung vu Fil). A Groussbritannien an verschiddenen anere Gebitter an Europa gouf doraus fréizäiteg d'Form vun enger Mitra (kuckt d'Lewis-Schachfiguren). Déi englesch Bezeechnung vum Leefer ass „bishop“.
En anere Virgänger war de Kuréier (vum laténgesche currere = lafen), eng neiarteg Spillfigur, déi fir d'éischte Kéier no der laangschrëtteger Zuchweis vum Leefer gezunn ass. An dem zënter ongeféier 1210 ernimmte Kurréierschach hate béid Säiten nieft den Alfil-Figuren jeweils zwee Kurréieren. Bei der Ëmwandlung vum Alfil an de Leefer am Laf vun der Spillreform zum Schluss vum 15. Joerhonnert hat de Kurréier wahrscheinlech als Uregung gedéngt. Datt déi lëtzebuergesch Bezeechnung „Leefer“ op de Kurréier zréckgeet, läit jiddefalls no. Donieft gouf anscheinend och an anere mëttelalterleche Schachvarianten (noweislech beim Grande Acedrex) mat enger Figur, déi dem Leefer entsprécht, experimentéiert.
[änneren] De Leefer an den dräi Spillphasen
[änneren] An der Erëffnung
An der Ufanksphas vun enger Partie, der Erëffnung, ass ee bestrebt, d'Leefere méiglechst séier ze entwéckelen, d. h. se an eng strategesch gënschteg Positioun ze bréngen. Eng Alternativ zur Positionéierung vun de Leefer an der Géigend vum Zentrum ass d'Fianchettéieren, d. h. d'Opstelle vun de Leeferen un de Flanken, wat engersäits eng defensiv Variant duerstellt, mais anerersäits och laangfristeg op d'Kontroll vum Zentrum ausgeriicht ass.
[änneren] Am Mëttelspill
No der Erëffnungsphas, am Mëttelspill, kënnen ongläichfaarweg Leeferen am Ugrëff op de géigneresche Kinnek zesumme mat der Damm an/oder dem Tuerm vu Vierdeel sinn, well den Ugräifer praktesch eng Figur am Virdeel ass (wann de Leefer schwaach Felder oder Baueren ugräift, kann de géigneresche Leefer se net verdeedegen). Eng exzellent Positioun stelle fir d'Leeferen d'Felder viru réckstännege Baueren duer; hei kënne se nëmme schwéier ugegraff ginn an se leeschten e gudde Bäitrag fir eegen Ugrëffsbeméiungen.
[änneren] Am Endspill
D'Mattsetze mat zwee Leeferen a Kinnek géint Kinnek ass onproblematesch, während ee mat nëmmen engem Leefer och theoretesch, bei schlechtestem géigneresche Spill, onméiglech mattsetze kann. Endspiller mat ongläichfaarwege Leeferen bidden dacks bei liichtem Materialnodeel (zum Beispill e Bauer) Chancen op e Remis.
[änneren]
- Leefer, déi duerch eege Baueren an hirer Beweegungsfähegkeet ageschränkt sinn - andems dës Baueren op Felder vun derselwechter Faarf wéi de Leefer stinn - nennt ee schlechte Leefer.
- Vun ongläichfaarwegen Leefere schwätzt een, wa Wäiss nëmmen e schwaarzfeldregen a Schwaarz nëmmen e wäissfeldrege Leefer besëtzt, oder emgedréint.
- Am Endspill Kinnek, Leefer a Randbauer géint Kinnek schwätzt ee vum falsche Leefer, wann dësen net d'Emwandlungsfeld vum Bauer iwwerdecke kann.