Leekolle vun Aasselbur

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Leekolle vun Aasselbur am Dall vun der Emeschbaach si géint 1880 a Betrib gaangen.

Virdru war op där Plaz awer schonns eng Steekoll, déi vum Henri Drickes deen den Terrain vu sengem Papp 1827 geierft hat, exploitéiert gouf. Hien huet d'Steekoll un den Ingenieur Jean-Nicolas Klensch verkaaft, deen 1868 eng Autorisation d'Exploitation ugefrot huet.

Obschonns d'Qualitéit vun de Leeën eng ganz gutt war, wat ënner anerem duerch e Präis op der Universalausstellung vun 1889 zu Paräis confirméiert gouf, ass de Betrib ni richteg an d'Rulle komm. Eng vun den Haaptursaachen dofir waren déi schlecht Transportméiglechkeeten, haaptsächlech bedéngt doduerch, datt se keen Uschloss un d'Eisebunn haten.

Den Héichpunkt vun der Exploitatioun war 1928 mat 1.200.000 produzéierte Leeën. Deemools hunn an der Kaul 55 Leit geschafft, dovunner 20 ënnerdaach an de Reescht iwwerdaach.

D'Leekollen haten eng Fläch vu ronn 10 ha. Ënnerdaach gouf op enger Déift vun 100 Meter op engem ha exploitéiert. D'Recht fir ënnerdaach z'exploitéieren, war fir eng Fläch vun 23 ha.

Schëld vum Biotop

1969 goufen d'Leekollen zu Aasselbur definitiv zougemaach, an zënter 1970 huet d'DEA den ënnerierdeschen Deel gepacht.

Den Tipp vun de Kollen, lénks laanscht d'Trëtterbaach, tëscht der Emeschbaach an der Aasselburer Millen ass haut e Biotop deen ënner anerem op engem kulturelle Circuit läit mat Depart op der Aasselburer Millen.

Kuckt och [änneren]