Leetem

Vu Wikipedia
Leetem
D'Kierch vu Leetem an engem Säitewee vum CR335
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Leithum
de: Leithum
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Wäiswampech
Buergermeeschter Claude Daman
Awunner 125[1]
  31.12.2020
Koordinaten 50° 09’ 37’’ N
      06° 06’ 30’’ O

Leetem ass eng Uertschaft an der Gemeng Wäiswampech.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Leetem läit am Norde vum Lëtzebuerger Land an ass eng Grenzuertschaft mat der Belsch. Seng Gewan grenzt am Osten an am Norde un déi belsch Uertschafte Lascheid, Oberhausen a Stoubach déi zur belscher Gemeng Burg-Reuland gehéieren. Westlech läit Beeler an am Südweste Wäiswampech.

Verkéiersubannung[änneren | Quelltext änneren]

Wichtegst Stroosseverbindung ass den CR335, deen d'Duerf am Weste mat Beeler verbënnt an am Oste bis un d'belsch Grenz geet.

Ëffentlechen Transport[änneren | Quelltext änneren]

Leetem gëtt vun der RGTR-Linn 175 ugefuer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leetem – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vue vu Beeler op Leetem - 11. Mee 2008

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Habitants par localité. www.weiswampach.lu (31.12.202). Gekuckt de(n) 04.07.2021.