Lego

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Klassesch Legosteng
Bausteng vu Batima

Lego A/S (och The LEGO Group, offiziell LEGO geschriwwen) ass eng dänesch Entreprise, déi bekannt ass duerch d'Legosteng, e Spillgezei, dat se zënter 1949 produzéiert.

Et handelt sech dobäi ëm e Baukastesystem, bei deem faarweg Plastikszillen, mee och Zännrieder, Figuren a soss kleng Deeler zesummegestach kënne ginn an esou Modeller vun alles Méiglechem kënne gebaut ginn. D'Wuert Lego huet zwou Bedeitungen: leg godt (Dän.) = "spill gutt" a lego (lat.) = "ech setzen zesummen".

D'Entreprise gouf 1932 vum Dän Ole Kirk Christiansen gegrënnt, deen ufanks Holzspillsaache produzéiert huet. 1949 goufe Lego-Steng agefouert, déi deene vun haut geglach hunn, awer mat deenen een net esou stabil baue konnt, well se ënnen drënner ganz huel waren. Den 28. Januar 1958 gouf e verbesserte Modell vun de Lego-Steng patentéiert. D'Patent ass 1988 ausgelaf.

No an no koumen zu den einfache Steng ëmmer méi aner Stécker derbäi. Se konnten awer all anenee gesat ginn.

Zënter 2004 ass de Jørgen Vig Knudstorp de CEO vun der LEGO Company. Haaptaktionär ass de Kjeld Kirk Kristiansen, den Enkel vum Grënner. D'Firma huet hire Sëtz zu Billund. Se beschäftegt 4.199 (Ø 2007) Mataarbechter an huet 2007 en Ëmsaz vun 8.027 Mio. DKK gemaach.

[änneren] Virleefer

Déi éischt Firma déi Baustengercher an der Form vun de Legossteng op de Maart bruecht huet, war de belsche Spillfabrikant Batima vu Bréissel. Déi Bausteng ware kleng gebrannten Zillen. D'Bausätz goufen tëscht 1880 an 1950 verkaaft. Well Batima nëmmen e Brevet an der Belsch deposéiert hat, konnt Lego net un der Produktioun vun deemselwechte System gehënnert ginn.

[änneren] Um Spaweck

Commons: LEGO – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen