Leica Digital-Modul-R

Vu Wikipedia
De Modul baussen

De Leica Digital-Modul-R ass en Zousazdeel, dat et erlaabt, aus den analoge Leica-Spigelreflex-Fotoapparaten Leica R8 an Leica R9 digitaler ze maachen. Dozou gëtt den "normale" Réck ausgetosch.

Déi zwéi Modeller sinn déi eenzeg Hybrid Klengbild-Fotoapparaten, déi et gëtt. De 15. Juni 2005 huet Leica Camera AG ugefaange mat der Ausliwwerung.

  • Typ: En Digitalmodul, dat vum Fotograf selwer kann ausgetosch ginn, an dee voll kompatibel ass fir d'Leica R8 a fir d'Leica R9
  • Objektiver: Et funktionéiere mat dem Modul-Réck all Leica R-Objektiver an all fréier Leicaflex-SL an SL2 Objektiver, déi R-Steiernocken nodréiglech dragebaut kruten.
  • Bildsensor: 3872 x 2576 Pixel (10 Milliounen) CCD-Chip, dee vu Kodak Image Sensor Solutions extra fir Leica entwéckelt gouf.
  • Formatfaktor: 1,37
  • Empfindlechkeet: ISO 100 bis ISO 1600
  • Speichermedium: SD-Späicherkaart
  • Date-Formater: Als RAW-Billerformat späichert de Modul an DNG, TIFF, an zwéi verschidde JPEG-Kompressionsniveauën.
  • Maximal Beliichtungszäit: 16 Sekonnen.
  • De schwaarz/wäiss Display weist un: Billercompteur, ISO, Beliichtungskorrektur, de Luedzoustand vun der Batterie, Selbstausléiser, den Niveau vun der JPEG-Kompressioun, d'Opléisung, Moiré-Filter un/aus an de Wäissofgläich.
  • Menü: Schäerft, Faarfsiedegung, Kontrast, d'Nummeréierung, de Kontrast vum Faarf-Display, wéi hell de Faarfdisply ass, wéi laang déi nei Foto um Display gewise gëtt, ob den Histogramm un oder aus ass, Späicherkaart-Formatéierung, Alarmzeechen, Audiohistogramm un/aus, Datum, Zäit, User-Profile, den Update vun der Firmware, Reset.
De Modul bannen
  • Schnëttstell: IEEE 1394 Firewire
  • Batterie: Spezielle Lithium Ionen-Akku
  • Betribstemperaturen: Tëscht 0° a 40° Celsius.
  • Seriebetrib: Maximal 2 Biller an der Sekonn, maximal 10 Biller a Serie
  • Monitor: fir d'Foto no der Opnam ze kucken a fir de Menü ze weisen
  • Verschloss: De Verschloss gëtt gespaant vun engem Elektro-Motor, deen an der "Power-Unit" ass.
  • Moossen: Wéi bei der LEICA R8/R9 mat Motordrive (B x H x T) 158 x 140 x 89 mm.
  • Gewiicht: DMR mat Power Unit an Akku: 725 g, DMR komplett mit R9: 1395 g
  • Präis vum Modul:Ronderëm 4.800 €

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]