Leitplank

Vu Wikipedia
Leitplanken um Pont de Lambermont zu Verviers
Rescht vun enger GLADU - Leitplank op der fréierer Teststreck am Greisendall zu Diddeleng

Eng Leitplank ass eng Zort Barriär laanscht Stroossen, besonnesch a Kéieren a laanscht Autobunnen, aus Stol oder Aluminium, déi dozou déngt, datt Gefierer net kënne vun der Strooss ofkommen, oder net op déi Bunn, déi entgéintkënnt, geroden.

Well dacks Motocyclisten, déi an enger Kéier ausrutschen, ënner d'Dunn vun der Leitplank gerode sinn, goufe Panneauen entworf a fabrizéiert, déi dat verhënneren.

Anekdot[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg goufe speziell Leitplanke vun der ARBED entwéckelt, GLADU genannt (GL=Glaesener, A= Arbed, DU= Dudelange), déi mat engem Spezialschaum gefëllt waren, an doduerch de Choc sollte besser opfänken. D'Erfindung déi ënner der Direktioun vum Ernest Glaesener weiderentwéckelt gouf, huet sech awer net konnten duerchsetzen. Si haten dem Ingenieur Ernest Glaesener, e gebiertege Réidener a fervente Foussballist, de Spëtznumm Leitplanken-Erni abruecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guardrails – Biller, Videoen oder Audiodateien