Pouhon (Lembrée)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lembrée)
De Pouhon beim Schlass vu Grimonster
De Ruisseau du Pourceau Pré just virum Zesummelaf mat dem Pouhon

De Pouhon oder och Lembrée ass eng belsch Baach an der Provënz Léck um Territoire vun de Gemengen Aywaille a Ferrières. Et ass eng vun de Baachen déi zwéin Nimm huet. Am ieweschte Laf ass et de Pouhon a vun ongeféier der Hallschent un, heescht se Lembrée.

D'Baach entsteet aus dem Zesummelaf vun e puer méi klenge Baachen nërdlech vum Lieu-dit Le Paradis an der Uertschaft Houssonloge an der Gemeng Aywaille, déi op enger Héicht tëscht 320 an 350 Meter anenee lafen.

Si leeft vun do aus no Norden, fir no e puer honnert Meter nodeem se ënner der Nationale N30 erduercht ass, no Westen ze dréien.

500 Meter méi spéit op der Héicht vum Bois de Pouhon leeft vu lénks de Ruisseau du Moulin de Bosson dran.

Op der Héicht vum Bois de Renimont gëtt den Dall méi enk, a si quëtscht sech tëscht véier Koppen erduercht fir bis bei d'Schlass vu Grimonster ze kommen. Do kënnt vu lénks de Ruisseau du Pourceau dragelaf.

Op hirem Wee a Richtung Ferrières kënnt nach vu riets just virun der Ferme Ferot d'Velle dragelaf. Op der Héicht vu Ferrières um Südostrand vum Bois d'Arlon leeft se laanscht d'Mille vu Ferrières wou se dann och den Numm ännert. Vun do un heescht se Lembrée.

Bei der Mille leeft vu lénks nach d'Logne dran, a kuerz nom Moulin de Lembrée an der Uertschaft My muss se um Lieu-dit Tiè d'là l'Êwe erëm duerch méi eng schmuel Griecht fir op Vieuxville ze kommen.

Soubal wéi se do laanscht d'Ferme de la Bouverie ass, mat dem acheologesche Musée vun der Buerg vu Logne, déi op enger Kopp tëscht der Ourthe an der Lembrée läit, gëtt den Dall op enger Längt vu ronn 600 Meter erëm ganz schmuel an um hallwe Wee tëscht Vieuxville a Sy leeft se da vu riets an d'Ourthe.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lembrée – Biller, Videoen oder Audiodateien