Lena (Virnumm)

Vu Wikipedia

Lena, och Lene oder Lenka, ass e weibleche Virnumm, deen heefeg a Skandinavien virkënnt a fréier och zu Lëtzebuerg ënnert der Form Léini geleefeg war. An Däitschland gouf en duerch d'Lidd Lena vun der Band Pur zanter den 1990er Jore populär.

Et ass eng Kuerzform vun de weibleche Virnimm Magdalena oder Helena.