Lencouacq

Vu Wikipedia
Lencouacq
Land Frankräich
Regioun Nei-Aquitaine
Departement Wope vum Departement Landes Landes
Arrondissement Mont-de-Marsan
Kanton Haute Lande Armagnac
Postcode 40120
Gemengecode 40149
Koordinaten 44° 06’ 00’’ N
      00° 24’ 12’’ W
Fläch  9.662 ha
Bevëlkerung  396 (2007)

Lencouacq ass eng franséisch Gemeng am Departement Landes an der Regioun Nei-Aquitaine.

Duerch Lencouacq féiert de Jakobswee Via Lemovicensis an déi fréier Commanderie de Bessaut war en Hospice fir Pilger. Haut ass d'Streck iwwer Lencouacq eng Variant tëscht Bazas a Mont-de-Marsan. Op fréiere Kaarten ass se als Haaptstreck agedroen.

Net wäit ewech vun der Commanderie huet d'Gouaneyre hir Quell, déi um Territoire vun der Gemeng net manner wéi 5 Millen ugedriwwen huet. Vun zwou Stéck sinn nach d'Reschter vum Millegebai erhalen an zwar déi vum Moulin de Lestrat wou de Millegruef dréche geluecht gouf, an déi ënnescht Mille vu Lencouacq wou d'Baach nach ënner dem Millegebai erduerch leeft.

D'Gemeng läit am Parc naturel régional des Landes de Gascogne.

Fréier war d'Gemeng un d'Schinnennetz duerch d'Schmuelspurbunn Roquefort - Lencouacq-Jourets ugeschloss, déi vun 1907 bis 1934 haaptsächlech fir d'Exploitatioun vun Holz an Haarz benotzt gouf. Zu Lencouacq gouf et zwou Garen, eng an der Uertschaft wou haut nach e Materialschapp mat Quai an d'Statioun fir Passagéier ze gesi sinn, déi aner war den Terminus um Lieu-dit Les Jourets. Do ass haut nach e baufällege Schapp ze gesinn, an d'Dréischeif.

Apaart ass datt an der Gemeng, wou vill eenzel entleeën Haiser sinn, déi meescht all en Numm hunn, an datt d'Hausnummeren net enger normaler Numeréierung entspriechen. Wann en op engem Wee eng Hausnummer 526 gesäit, dann hesscht dat net datt et dat 526. Haus an där Strooss ass, mä et kritt een d'Informatioun datt dat Haus 526 Meter vum Zentrum vum Duerf ewech steet.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Uertschaft virdrun
Captieux oder Retjons
Jakobswee

Via Lemovicensis
Uertschaft duerno
Cachen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lencouacq – Biller, Videoen oder Audiodateien