Leo Minor (Stärebild)
| Date vum Stärebild Leo Minor | |
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Klenge Léiw |
| Laténgeschen Numm | Leo Minor |
| Laténgesche Genitiv | Leonis Minoris |
| Laténgesch Ofkierzung | LMi |
| Rektaszensioun | 9h 22m bis 11h 07m |
| Deklinatioun | +41° 30´ bis +22° 50m |
| Fläch | 232 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 48° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Fréijoer |
| Zuel vun de Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
| Hellste Stär, Gréisst |
46 Leonis Minoris (Praecipua) 3,83m |
| Meteorstréim | Leo-Minoriden |
| Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Ursa Major Lynx Leo |
De Leo Minor (Klenge Léiw) ass e Stärebild vum Nordhimmel.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
De Leo Minor ass en onschäinbaart Stärebild um nërdleche Stärenhimmel. Et setzt sech (jee no Stärekaart) aus zwee oder dräi Stären zesummen. Nëmmen een ass méi hell wéi déi 4. Gréissteklass.
Et fënnt een d'Stärebild nërdlech vum markante „grousse“ Leo (Léiw).
Geschicht [änneren]
D'Stärebild gouf eréischt am Joer 1687 vum Danzeger Astronom Johannes Hevelius agefouert. Nëmmen deen zweethellste Stär, β Leonis Minoris, gouf mat engem griichesche Buschtaf gezeechent.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| 46 | Praecipua, Praecipula | 3,83m | 98 | K0 III | |
| β | 31 | 4,20m | 200 | G9 III | |
| 21 | 4,49m | ||||
| 10 | 4,54m | ||||
| 37 | 4,68m | ||||
| 30 | 4,72m | ||||
| 15 | 5,08m | ||||
| 41 | 5,08m | ||||
| 13 | 5,11m | ||||
| 42 | 5,36m | ||||
| 8 | 5,39m | ||||
| 11 | 5,40m | ||||
| 23 | 5,49m | ||||
| 40 | 5,51m | ||||
| 28 | 5,52m | ||||
| 34 | 5,57m | ||||
| 43 | 5,73m | ||||
| 32 | 5,79m | ||||
| 38 | 5,84m | ||||
| 7 | 5,87m | ||||
| 27 | 5,89m | ||||
| 15 | 5,92m |
Den hellste Stär am Klenge Léiw huet d’Flamsteed-Bezeechnung 46 Leonis Minoris. Et handelt sech ëm een op enger Distanz vun 98 Liichtjoer leienden Stär, deen orange liicht an zu der Spektralklass K0 III gehéiert.
Hie gëtt och als als Praecipua, laténgesch „Virstéier“, genannt.
Den β Leonis Minoris läi op enger Distanz vun 200 Liichtjoer, a liicht giel mat der Spektralklass G9 III.
Verännerlech Stären [änneren]
| Stär | Gréisst | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| R | 6,3 bis 13,2m | 372 Tage | Mira-Typ |
Den R Leonis Minoris ass e verännerleche Stär vum Typ Mira, deem seng Hellegkeet sech iwwert en Zäitraum vun 372 Deeg staark ännert. Während dem Minimum fält d'Hellegkeet bis op déi 13. Gréissteklass erof.
Messier- an NGC-Objeten [änneren]
| Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|---|
| 3003 | 11,7m | Galaxis | |||
| 3344 | 9,9m | Galaxis |
Am "Klenge Léiw" sinn d'Galaxien NGC 3003 an NGC 3344.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Leo Minor – Biller, Videoen oder Audiodateien |