Leodegar vun Autun

Vu Wikipedia
De Martyrium vum Leodegar vun Autun aus enger illustréierter Bibel ëm 1200

De Leodegar vun Autun, och Leodgar, Lutgar, Léger, Leodigar genannt, gebuer ëm 616, a gestuerwen den 2. oder 3. Oktober 679, war vu 659 bis 674 Bëschof vun Autun.

Hie war aus enger nobler merowengescher Famill a gouf am Palatium vum Clotaire II. groussgezunn, a vu sengem Hallefbrudder, dem Bëschof Dedo vu Poitiers zum Geeschtlechen ausgebilt. Ënner der Herrschaft vum Clotaire III., koum hien op deem säin Haff, wou e groussen Afloss hat.

Am Joer 653 gouf hien Abt am Klouschter Saint-Maixent am Marais Poitevin, a 659 Bëschof vun Autun.

674 gouf hie vum Hausmeier Ebroin gefaange geholl. Hie gouf mat engem Holzbuer geblennt, an duerno op Fécamp an der Normandie verbannt, wou hie schliisslech no engem Prozess, deen dräi Joer gedauert huet, gekäppt gouf.

Hie gouf helleggesprach a gëtt als Märtyrer veréiert.

A Frankräich an an der Belsch hunn e puer Uertschaften de franséischen Numm vum Hellegen.

Statu vum Leodegar an der Kierch vun Tilff

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]