Leonhard Drach

Vu Wikipedia
Leonhard Drach
Gebuer 9. Mäerz 1903
Oochen
Gestuerwen 12. Januar 1996
Ludwigshafen
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Jurist
Partei NSDAP
Member vun Sturmabteilung

De Leonhard (Leo(n)) Drach, gebuer den 9. Mäerz 1903 zu Oochen a gestuerwen den 12. Januar 1996 zu Ludwighafen war en däitsche Jurist.

Hien huet zu Köln a Bonn Droit studéiert. Zu der Zäit vun der däitscher Besatzung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich war hie Staatsanwalt beim "Sondergericht". Hien huet d'Uklo beim Standgeriicht gemaach, dat opgestallt gi war, nodeem et den 31. August 1942 zum Generalstreik komm war, an huet an där Funktioun 20 Doudesurteeler fir Leit, déi um Streik bedeelegt waren, gefuerdert. Se goufen am KZ Hinzert higeriicht. De Gestapo-Chef zu Lëtzebuerg Fritz Hartmann huet e kuerz duerno ausdrécklech fir seng "selbstlose kameradschaftliche Einsatzbereitschaft und (…) die erfolgreiche Arbeit im Standgericht" gelueft.[1]

Den Drach gouf 1949 am sougenannte Juristeprozess zu 15 Joer an 1951 am sougenannte Standgeriichtsprozess zu 20 Joer Zwangsaarbecht wéinst Krichsverbrieche verurteelt. De 24. Dezember 1953 huet de lëtzebuergesche Justizminister dës Strof nees op 15 Joer Zwanksaarbecht erofgesat. 1954 hunn d'lëtzebuergesch Autoritéiten den Drach begnodegt an entlooss.[2]

Hie gouf a Rheinland-Pfalz an de Justizdéngscht opgeholl a gouf um Landgericht zu Frankenthal Staatsanwalt an duerno Oberstaatsanwalt[3]

Eréischt 1965 ass seng Vergaangenheet nees zum Theema ginn, wéi, am Kader vun enger anerer Affär, de Rheinland-pfälzesche Justizminister Fritz Schneider den 22. Dezember ausgesot huet, dem Drach wiere keng Virwërf wéinst dëse Strofe wéinst Krichverbriechen ze maachen. Hien hätt deemools "am gudde Glawe gehandelt, datt dat, wat e gemaach hat, rechtméisseg gewiescht wier". Et hätt dowéinst keng Bedenke ginn, den Drach nees an de Justizdéngscht opzehuelen.[4]

Den 9. Januar 1966 huet de lëtzebuergesche Staats- an Ausseminister Pierre Werner beim Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz géint déi Ausso protestéiert, an den Drach gouf 3 Wochen drop, zesumme mam Joseph Wienecke, virleefeg vum Déngscht suspendéiert. De Chamberpresident a fréiere Justizminister Victor Bodson huet, fir d'Saach ee fir allemol kloer ze stellen, an engem Interview beschriwwen, wéi den Drach wéinst Lapalien d'Doudesstrof fir Leit gefuerdert huet, an en "dee schlëmmsten Ukläger wärend dem Krich zu Lëtzebuerg" genannt. De Staatssekretär am Rheinland-pfälzesche Justizministère huet sech doropshin entschëllegt a gesot, si hätten näischt dovu gewosst an zouginn, se hätten ni zu Lëtzebuerg nogefrot gehat, fir iwwer den Drach méi gewuer ze ginn.[4]

De Fall gouf am Landesparlament diskutéiert, wou den CDU-Fraktiounschef Helmut Kohl sot: „Der Geist der Entnazifizierung kann nicht ständig heraufbeschworen werden. Wenn es nicht gelingt, die Generation, die einst das Dritte Reich getragen hat, in die Demokratie einzugliedern, wird es nie eine lebendige Demokratie geben." Hie war awer och dogéint, datt Leit wéi den Drach, wéinst hirer "Kriegstätigkeit", als Procureur oder Riichter schaffe kéinten.[4]

De Fall Drach gëllt als exemplaresch, wéi Juristen, déi an der NS-Zäit gewierkt hunn, duerno an der westdäitscher Administratioun ënnerdaach koumen a Karriär gemaach hunn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zitéiert no: "Lob im September". Der Spiegel 05.05.1965, S.66
  2. "Ein Ankläger wird Angeklagt". Die Zeit 5. Februar 1965, Nr 6/1965 Archivéiert op 2013-06-12. Gekuckt de(n) 2009-02-24.
  3. "Täter im Dritten Reich"
  4. 4,0 4,1 4,2 "Ein Ankläger…" wéi uewen.