Leopard 1

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Leopard 1
Leopard-1-latrun-1.jpg

Leopard 1A1

Allgemeng Donnéeën
Besatzung 4
Längt 9,55 m
Breet 3,37 m
Héicht 2,62 m
Gewiicht 42,5 t
Panzerung a Bewaffnung
Panzerung Panzerstol
Schottpanzerung
bei Tierem (A3, A4, AS1,C1)
Haaptbewaffnung Britesch Kanoun 105 mm,
L7A3
Kleng Waffen 2 x 7,62mm MG3
Fla-MG um Tuerm
Installat. fir Niewel
Beweeglechkeet
Motor
Leeschtung
10 Zyl.-Motor
610 kW (830 PS)
Fiederung Staffiederung
Héchstvitesse 65 km/h
Verhältnes PS / t 19,6 PS/t
Aktiounsrayon 400 km
Gelänn: 220 km

De Leopard 1 ass e mëttlere Kampfpanzer aus Däitschland. Et war den éischten, deen nom Zweete Weltkrich an der Bundesrepublik entwéckelt gouf. Vun 1965 bis 1984 goufen am Ganze 4.744 Stéck gebaut, vun deenen der och haut nach a verschiddenen Arméie vun der Welt ze fanne sinn. An Däitschland war e vun 1965 bis 2003 offiziell am Asaz. E gouf duerch de Leopard 2 ersat.

Geschicht, wéi en entstanen ass[änneren | Quelltext änneren]

D'Wiederbewaffnung vun der Bundesrepublik de 5. Mee 1955 huet dozou geféiert, datt d'Bundeswehr fir unzefänken, mat US-amerikaneschen a britesche Panzergefierer ausgerëscht gouf. Déi däitsch Rëschtungsindustrie war zu där Zäit net an der Lag, fir d'Panzerentwécklung duerchzesetzen.

Daimler-Benz huet dunn allerdéngs mat Hëllef vun auslännesche Produzente versicht, dat Lach an der Entwécklung vu Waffen zouzemaachen. Zesumme mat der Porsche KG, ZF Friedrichshafen, Ruhrstahl AG an der indescher Firma TATA ass geplangt ginn, e Kampfpanzer fir Indien z'entwéckelen. Aus deem Projet gouf allerdéngs näischt.

Virserie vum Leopard 1 am däitsche Panzermusée

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leopard 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien