Leopold Durand

Vu Wikipedia
Leopold Durand
Gebuer 29. November 1666
Saint-Mihiel
Gestuerwen 5. November 1749
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Architekt
D'Orangerie am Park vun der fréierer Abtei Iechternach

De Leopold Durand, gebuer als Jean François Durand den 29. November 1666 zu Saint-Mihiel a Loutrengen, a gestuerwen de 5. November 1749 zu Saint-Avold[1], war e Benediktinerpater a Baumeeschter.

Den Durand, deen op der Universitéit vu Pont-à-Mousson Droit studéiert hat, huet zu Metz an zu Paräis als Affekot geschafft, ier hie 1701 decidéiert huet, an de Benediktiner-Uerden anzetrieden. Als Pater huet hie sech mat Architektur befaasst. Hien huet d'Bauaarbechte vum Schlass vu Commercy iwwerwaacht a war als Architekt um Bau vun der Abtei vu Saint-Avold bedeelegt. Zu sengen Haaptwierker hunn d'Abtei St-Epvre-lès-Toul (abbaye de Saint-Èvre), déi wärend der Franséischer Revolutioun zerstéiert gouf, a virun allem den Neibau am Barockstil vun der Abtei vun Iechternach (1727-1736) (mat der Orangerie) gehéiert.[2]

De Leopold Durand ass den Auteur vun engem Manuskript, dat den Dom Calmet 1748 mat engem Virwuert an enger Rei vun Ergänzungen zu Nanzeg mam Titel Traité historique des eaux et bains de Plombières als Buch publizéiert huet.[3]

Zu Iechternach gëtt et eng Strooss, déi dem Leopold Durand säin Numm dréit.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Schmitt, M., 1970. Die Bautätigkeit der Abtei Echternach im 18. Jahrhundert (1728-1793). Ministère des Arts et Sciences, Luxembourg, 230 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bibliothèque générale des écrivains de l'Ordre de Saint Benoit, patriarche des moines d'Occident, Tome premier, S. 269
  2. Schmitt 1970, S. 34-71.
  3. Traité historique des eaux et bains de Plombières.
  4. Echternach: Rue Leopold Durand.