Leopold Hager

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Leopold Hager gebuer de 6. Oktober 1935 zu Salzburg, an Éisträich, ass en éisträichesche Museker an Dirigent. Hien ass weltbekannt duerch seng Interpretatiounen vu Wierker aus der éischter éisträichescher Schoul (Haydn, Mozart, Beethoven a Schubert). Hie war och Dirigent vum Symphoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg, dem Virleefer vum haitegen Orchestre philharmonique du Luxembourg. An dëser Funktioun war hien den Nofolger vum Louis de Froment an de Virgänger vum David Shallon.

Hien huet um Salzburger Mozarteum (1949-1957) Piano, Uergel Harp, Orchesterféierung a Compositioun beim Paumgartner, Wimberger, Bresgen, J.N. David, a Kornauth studéiert.

Seng Carrière [änneren]

  • 1957-1962: Dirigent-Assistent am Mainzer Stadtheater;
  • 1962-1964: Dirigent, Landestheater Linz;
  • 1964-1965: Dirigent, Oper vu Köln;
  • 1965-1969: Generalmusikdirektor zu Freiburg im Breisgau;
  • 1969-1981: Chefdirigent vum Mozarteum Orchester zu Salzburg;
  • 1976 huet hien seng Debuten am Metropolitan Opera House zu New York gemaach an huet do d'Oper Le Nozze di Figaro dirigéiert. Hien ass och an aneren Opern-Haiser, (e.a. Wien a Berlin) opgetratt.
  • 1981 gouf hien Chefdirigent vum Symphoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg, eng Funktioun déi him zu weideren grousse Succès verhollef huet.
  • Bis 2004 huet hien op der University of Music and Performing Arts zu Wien Coursen iwwer d'Orchesterféierung ginn, op enger eng Classe, aus där legendär Dirigenten, wéi Herbert von Karajan, Zubin Mehta and Claudio Abbado ervirgang sinn. Do huet hien déi grouss Traditioun vu welbekannten Musekprofesseren, wéi Clemens Krauss an Hans Swarowsky, virugefouert.

Gielercher [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' während op der säit 94 'Promotion 1994' steet.