Leopold II. vun der Belsch

Vu Wikipedia
Leopold II. vun der Belsch
Titelen
Biographie
Gebuer 9. Abrëll 1835
Bréissel
Gestuerwen 17. Dezember 1909
Laeken
Papp Leopold I. vun der Belsch

De Leopold II., gebuer den 9. Abrëll 1835 zu Bréissel an och do de 17. Dezember 1909 am Schlass Laeken, gestuerwen, mam ganzen Numm Leopold Louis Philippe Marie Victor, resp. Leopold Lodewijk Filips Maria Victor, aus dem Haus Sachsen-Coburg a Gotha war vun 1865, nom Doud vu sengem Papp Leopold I., bis zu sengem Doud, 1909, Kinnek vun de Belsch. Virdrun hat hien den Titel Herzog vu Brabant.

De Leopold II. war de Jong vum Leopold I. an deem senger zweeter Fra, der Louise vun Orléans, enger Duechtger vum Kinnek Louis Philippe vu Frankräich. Den 22. August 1853 huet hien d'Marie Henriette (1836–1902), Äerzherzogin vun Éisträich bestuet. Ier e Kinnek gouf, ass de Leopold vill doruechter gereest - offiziell wéinst senger schwaacher Gesondheet -, ë. a. an Egypten an an den Noen Osten, sou wéi an Indien an a China.

D'belsch Regierung war, och wéi hie bis Kinnek war, wéineg vun der Iddi begeeschtert, Kolonien opzebauen, well sou e Projet mat vill Käschten an Onsécherheete verbonne wier, ouni Garantie op Succès. Dofir huet hie selwer e groussen Deel vu sengem Privatverméigen investéiert, wéi bis bekannt gouf, datt och bannena vum afrikanesche Kontinent, notamment am Baseng vum Floss Kongo, eng jett Buedemschätz ze fanne wieren.

1878 huet de Leopold II. de Comité d'Études du Haut Congo (CEHC) gegrënnt an den Henry Morton Stanley ugestallt, déi Regioun z'erfuerschen. Offiziell war dêst eng wëssenschaftlech oder philanthropesch Missioun, ma hie gouf dem Stanley heemlech den Uerder, do Land ze kafen an Elfebeen matzebréngen. 1879 gouf de Comité ëmbenannt an Association Internationale du Congo.

De Stanley huet verschidde Siidlunge gegrënnt, dorënner Leopoldville (haut Kinshasa), an huet eng 200 km laang Strooss vum Mier de Kongo erop, laanscht d'Livingston-Waasserfäll bis op Stanley Pool (haut Pool Malebo), baue gelooss. Vun do aus konnt een da mam Schëff viru flossop fueren. Vill Leit vun do, déi fir déi Aarbechte zwangsrekrutéiert goufen, sinn ëm d'Liewe komm. De Stanley huet de Cheffe vun de Stämm erzielt, de Leopold wier sou mächteg, datt hie sougueur d'Sonn beherrsche géif. Als "Bewäis" huet hien dat mat enger Lupp demonstréiert. Sou konnt hie se iwwerzeegen, him hiert Land z'iwwerschreiwen. Domat koum de Leopold zu engem Privatbesëtz, deen, mat 2,34 Mio. Quadratkilometer, 70-mol méi grouss war wéi d'Belsch.

1884/85 war zu Berlin d'Kongokonferenz op där den Etat indépendant du Congo vun den anere Länner als dem Leopold säi Privatbesëtz unerkannt gouf.

Kanner an Erwuessener, déi ënner dem Leopold senger Herrschaft net genuch Kautschuk erbäibrénge konnten, kruten als Strof eng Hand erofgeschloen.

Hie krut e peur Joer drop d'Belsch Parlament iwwerzeegt, him 10 Millioune Frang fir seng Projeten am Kongo z'avancéieren. Domat gouf ë. a. eng Eisebunnslinn vun der Flossmëndung bis op Stanley Pool gebaut, déi 1898 fäerdeg gouf.

Ewell konnt de Lepolld Mercenairen engagéieren a "säi" Kongo exploitéieren. Besonnesch Elfebeen a Kautschuk goufen do ausgebait, woubäi déi heemesch Bevëlkerung brutal mësshandelt an ausgbait gouf. De Journalist Adam Hochschild schätzt, datt eng 10 Millioune Leit Affer vum Leopold senger Politik goufen.[1]

D'Methoden, mat deenen déi belsch Handelsgesellschaften an d'Militär am Kongo gehaust hunn; goufen ë. a. am Joseph Conrad sengem BuchHeart of Darkness (1899) beschriwwen.

1891 huet de brittesche Militärkommandant William Grant Stairs op Uerder vum Leopold II. de Katanga eruewert, wou räich Koffervirkomme waren.

D'Kritik un den Zoustänn gouf vun do un ëmmer méi grouss. Nieft dem Conrad hunn aner bekannt Schrëftsteller, wéi den Arthur Conan Doyle, de Booker T. Washington an de Mark Twain (King Leopold's Soliloquy) déi grujeleg Zoustänn ugeprangert. Och Zeitungen hunn iwwer d'Mëssstänn do geschriwwen, a Fotoe publizéiert. Den Diplomat Roger Casement huet 1903 fir déi brittesch Regierung e Rapport geschriwwen, deen Temoignagë vum Edmund Dene Morel nogaangen ass, an deem en duergeluecht huet, wat do geschéie géif. Och d'USA goufen ëmmer méi kritesch. 1908 huet de Lepold als Reaktioun op den interantionalen Drock dem belsche Staat säin Territoire verkaaft (an iwwer Stréimänner d'Kontroll iwwer Kautschuk- a Kofferhandel gehalen). E gouf deemno eng belsch Kolonie, mam Numm Belsche Kongo.

An der Belsch huet de Leopold de Räichtum, deen him de Kongo abruecht huet, zum Deel fir urbanistesch an architektonesch Projete benotzt: de Bau vum Schlass vu Laeken, senger Residenz, Prachtavenuen zu Bréissel (Avenue Louise, Avenue de Tervueren,...), de Cinquantenaire-Park mam Triumpfbou fir de 50. (resp. 75.) Anniversaire vun der Belsch, de Kinnekleche Musée fir Zentralafrika zu Tervuren, Gebaier zu Spa, d'Gileppetalspär, asw.

Bis haut stinn op ville Plazen uechter d'Belsch, trotz senge Verbriechen am Kongo, Statue vum Leopold II.. Zu Arel steet z. B. haut nach eng, wou dropstreet: "J'ai entrepris l'œuvre du Congo dans l'intérêt de la civilisation et pour le bien de la Belgique." Op der Digue zu Ostende gouf 1931 eng Reider-Statu opgeriicht mat der Opschrëft: De dank van de Congolezen aan Leopold II. 2004 huet eng Aktiounsgrupp der Statu eng Hand ofgeseet a matgedeelt, si géife s'erëmginn, wann Ostende sech géif offiziell zu den Ondote vum Leopold bekennen.

No sengem Doud, de 17. Dezember 1909, gouf säin Neveu Albert I. säin Nofollger.

Hie selwer hat 4 Kanner mat der Marie Henriette:

sou wéi 2 Jonge mat senger Maîtresse Blanche Delacroix (1883–1948).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

vun deemools
aktuell
  • David Van Reybrouck: Kongo: Eine Geschichte. 6. Oplo, Suhrkamp 2012 (Original: Congo. Een geschiedenis)
  • Adam Hochschild: King Leopold's Ghost: A Story of Greed, Terror, and Heroism in Colonial Africa, 1998; Neioplo 2006).
  • Thomas Pakenham: The scramble for Africa, Georg Weidenfeld & Nicolson 1991, ISBN 0-349-10449-2
  • Ruth Weiss, Hans Mayer, Antony Martin: Afrika den Europäern, Hammer, Wuppertal 1985, ISBN 3-87294-249-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leopold II of Belgium – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. King Leopold's Ghost: A Story of Greed, Terror, and Heroism in Colonial Africa (1998; Neuausgabe 2006), ISBN 0-330-49233-0. Eine deutsche Übersetzung erschien im Jahr 2000