Leopold Winandy

Vu Wikipedia
Leopold Winandy
Gebuer 5. Mäerz 1936
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Escher Conservatoire,
Conservatoire royal vu Bréissel
Aktivitéit Dirigent

De Léopold Winandy, gebuer de 5. Mäerz 1936 zu Esch-Uelzecht, ass e Lëtzebuerger Musekspedagog, Flütist an Dirigent.

Hien huet säi Museksstudium am Escher Conservatoire gemaach: Solfège, Flütt an Harmonie. Um Conservatoire Royal de Bruxelles huet hie säi Studium vervollstännegt. An de Joren 1976 a 77 war hie Schüler vum groussen Dirigent Sergiu Celibidache.

Am Escher Conservatoire war hie Professer fir Solfège, Flütt a Blockflütt. Als Éischten zu Lëtzebuerg huet hie schonn 1969 Coursë gi fir Kodally Orff, mat Kanner vu 4 Joer un. An de leschte Joren huet hie Solfègebicher publizéiert, déi beim Museksverlag UGDA erauskomm sinn. Déi Bicher gi vum Eveil bis d'fënneft Joer Solfège a sinn e wichtege Bäitrag fir d'Musekserzéiung zu Lëtzebuerg.

Hie war Dirigent vun der Harmonie vu Schëffleng, dem Cercle Symphonique vu Rëmeleng, dem Kierchechouer vu Lalléng, dem Kannerchouer vu Schëffléng an dem Gesangveräin Ëmmer Frou vun Téiteng.

Zanter 2000 ass hien Dirigent vum Chouer "Cercle Vocal Belval-Metzerlach", a President vum Orchesterseminaire EPTER SYMPHONIA.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]