Les Enfoirés

Vu Wikipedia

Les Enfoirés ass den Numm vun enger Grupp vu franséischen a franséischsproochege Sänger, Museker an heiansdo anere Persounen aus dem ëffentleche Liewen, déi eemol am Joer zesummekomme fir eng Rei Concerten ze ginn. Den Erléis aus dem Verkaf vun den Entréesticketen an den CD- an DVDe geet un d'Associatioun "Les restos du cœur", déi 1985 vum bekannten Humorist Coluche gegrënnt ginn ass an SDFen an aner ënnerprivilegéierte Leit Iessen ubitt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Januar 1986 huet de Coluche, deen e puer Méint virdrun d'"Restos du Cœur" gegrënnt hat, verschidde Kënschtler a Prominenter an enger Televisounssendung zesummebruecht fir d'Associatioun an hir Aktioune méi bekannt ze maachen.

Déi éischt Concertstour gouf zwar eréischt 1989 organiséiert, mä konnt dofir awer mat ënner anerem dem Michel Sardou, dem Johnny Hallyday, dem Veronique Sanson, dem Eddy Mitchell an dem Jean-Jacques Goldman direkt déi deemools bekanntste Sänger a Frankräich fir sech gewannen.

Zanterhier ass d'Zuel u Kënschtler a Perséinlechkeeten, déi un de Concerten Deel huelen, staark geklommen; et trieden zum Beispill och Newcomer a Kënschtler aus anere Länner wéi der Belsch oder Kanada op.

D'Concerten, déi all Joer an enger anerer Stad a Frankräich gespillt ginn, gi live op der Tëlee iwwerdroen an erreeche generell Rekordquote wat d'Zuschauer ugeet. Si kommen duerno och op DVD an CD eraus an ziele reegelméisseg zu deene meeschtverkaaften Albume vum Joer.

Kënschtler a Repertoire[änneren | Quelltext änneren]

De Coluche ass Enn 1986 gestuerwen an huet domat den éischte Concert vun den Enfoiréën net méi materlieft. Obwuel verschidde Sänger scho laang dobäi si war bis elo just de Jean-Jacques Goldman bei all Concert dobäi. Nieft Sänger trieden all Joer och aner bekannte Perséinlechkeeten op, wéi zum Beispill Schauspiller, Komiker oder Sportler.

D'Enfoiréë sange keng eege Lidder, mä bekannte Lidder aus dem franséischsproochege Repertoire an heiansdo och international Hitten. Déi eenzeg Ausnam ass "La Chanson des Restos", e Lidd dat de Jean-Jacques Goldman schonn 1986 komponéiert huet an zanterhier op all Concert gesonge gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]