Les Visiteurs

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Informatiounen

PosterVisiteurs.jpg

Film
Originaltitel: Les Visiteurs
Produktiounsland: Frankräich
Première: 1993
Dauer: 107 Minutten
Originalsprooch: Franséisch
Equipe
Regie: Jean-Marie Poiré
Dréibuch: Jean-Marie Poiré
Christian Clavier
Fotografie: Catherine Kelber
Musek: Éric Lévi (Era)
Produzent: Alain Terzian
Haaptacteuren: Jean Reno als Godefroy de Montmirail
Christian Clavier als Jacquouille la Fripouille
Valérie Lemercier als Béatrice de Montmirail
Marie-Anne Chazel als Ginette Sarclay
Filmportal - Filmer no Joren
Film no Länner - Film no Genre

Les Visiteurs ass e franséische Film vum Jean-Marie Poiré aus dem Joer 1993. An dësem Kaméidisfilm reesen e Ritter aus dem 12. Joerhonnert a säin Dénger duerch d'Zäit, a landen um Enn vum 20. Joerhonnert, an enger Welt déi si net verstinn.

Les Visiteurs hat mat 13.664.000 verkaften Ticketen e grousse Succès a Frankräich. 2001 hunn de Jean Reno an de Christian Clavier op en Neits hir mëttelalterlech Kleeder fir de franko-amerikanesche Remake Les Visiteurs en Amérique / Just Visiting ugedoen.

Ëm wat geet et am Film ?[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1123 vun eisem Här huet de Godefroy, Grof vu Montmirail, Appremont a Papincourt (Jean Reno) de Kinnek Louis VI. (Didier Pain) virun den Englänner gerett. Fir him Merci ze soen, gëtt de Kinnek dem Godefroy déi schéi Frénégonde de Pouille (Valérie Lemercier) zur Fra. Um Wee bei d'Schlass, fir sech mat der Frénégonde ze bestueden, gëtt de Godefroy vun enger Hex vergëft, déi hien ënnerwee gefaange geholl hat. Duerch d'Gëft hält hien de Papp vun der Frénégonde fir e geféierleche Bier, an erschéisst hien. Elo wëll d'Frénégonde hien natierlech net méi bestueden, an dat Schlëmmst fir de Godefroy wäert antrieden: hie wäert keng Nokommen hunn.

De Godefroy mécht sech zesumme mat sengem Dinger Jacquouille la Fripouille (Christian Clavier) op d'Sich nom Magier Eusebius (Pierre Vial), deen hinnen erméiglecht, an der Zäit zréckzereesen, fir dësen Accident ze verhënneren. Leider huet sech den ale Magier beim Trank liicht verkalkuléiert, a sou landen de Grof a säin Dinger am 20. Joerhonnert. Hei begéint de Godefroy senger Ur-ur-ur-ur-ur-ur-Enkelin Béatrice (Valérie Lemercier), déi hie fir hire Cousin Hubert hält, dee verschwonnen ass.

Mä och soss ass am 20. Joerhonnert villes anescht, "Sarazenen" liewen ënner der normaler Bevëlkerung, a Leit aus dem Vollek sinn un der Muecht. Obschonn dës "nei" Iddien dem Jacquouille gefalen, si si e grousse Schock fir den alen adelege Godefroy. Mä och d'Manéiere vun eisen zwee Visiteuren aus dem Mëttelalter loossen ze wënschen iwwreg.

An dëser Welt, déi hien net versteet, versicht de Godefroy e Mëttel ze fannen, fir nees zréck a seng Zäit ze kommen.

Eng manner erfollegräich Fortsetzung koum 1998 ënner dem Titel Les Visiteurs 2: Les couloirs du temps eraus.

Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Triviales[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Formel fir an der Zäit ze reesen: "Per horus et per Rha et per solem invictus ducere".
  • D'Devise vun der Famill Montmirail: "Montjoie ! Saint-Denis ! Que trépasse si je faiblis !".
  • D'Lidd wat d'Ginette probéiert ze sangen, ass am Original zimlech bekannt, et ass Casser la voix vum Patrick Bruel.