Les belles histoires de l'oncle Paul

Vu Wikipedia

Les belles histoires de l'oncle Paul sinn am Spirou N° 668 an den Éditions Dupuis den 1. Februar 1951 ugelaaf a sinn am Wocherythmus mat enger Säit pro Woch bis 1983 erauskomm. Déi eenzel Geschichten haten am Schnëtt 5-6 Säiten an hunn an der Reegel historesch Evenementer a Perséinlechkeeten, Erfindungen an aner Theemen op eng didaktesch Manéier behandelt. Fir hir Lieser vun deemools war dës Serie eng agreabel an dobäi nach flott illustréiert Geschichtslectioun.

De Monni Pol (l'oncle Paul) huet déi Geschichte sengen zwéin Neveuen Arthur a Fred an engemn beléierenden Toun erzielt an dobäi huet hie gemittlech seng Päif gefëmmt.

D'Serie gouf vum BD-Zeenarist Jean-Michel Charlier kreéiert a vum Eddy Paape(Valhardi) als éischten Zeechner an d'Bild ëmgesat. Well déi Geschichten ni iwwer 6 Säiten erausgoungen, hu sech relativ séier och nach aner Zeechner doru bedeelegt a muenchereen hat do d'Geleenheet fir säin Zeechestil anzerodéieren. Matgeschafft hunn ënner anerem den Dino Attanasio(Signor Spaghetti), de René Follet[Les Zingari), de Michel Graton (Michel Vaillant), den Édouard Aidans (Tounga), de MiTacq (La patrouille des Castors), de Gérald Forton (Bob Morane), den Hermann (Jeremiah) an d'Liliane an de Fred Funcken (Harald le viking). Leider konnten d'Zeechner herno net méi alleguer identifizéiert ginn.

Vum N° 703 vum Spirou un, huet den Octave Joly eleng bis zum Ofschloss vun der Serie den Zenario iwwerholl. Les belles histoires de l'oncle Paul sinn am Laf vun der Zäit zweemol ëmgedeeft ginn: fir d'éischt an Les plus belles histoires de l'oncle Paul an duerno an l'histoire en mille morceaux

Déi Serie ëmfaasst méi wéi 1.000 Geschichten. Eng Auswiel dovun ass tëscht 1950 an 1970 bei den Ed. Dupuis als BD-Serie an 13 Bänn erauskomm. Duerno ass se net méi reeditéiert ginn an se zielt haut zu de rare Sammlerstécker.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]