Les brigands (Film)

Vu Wikipedia
Les brigands
Film
Produktiounsland Frankräich
Lëtzebuerg
Däitschland
Produktiounsjoer 2015
Première 2015
Dauer 84 min
Originalsprooch franséisch
Ekipp
Regie Frank Hoffmann
Pol Cruchten
Dréibuch Frank Hoffmann,
Pol Cruchten
Erick Malabry
fräi nom
Friedrich von Schiller
Fotografie Jerzy Palacz
Musek Michael Rother
Produzent Red Lion
Coin film
Novak Prod)
Schauspiller
Maximilian Schell als Papp Escher
Eric Caravaca als Karl
Isild Le Besco als Amalia
Robinson Stévenin als Franz
Tchéky Karyo als ale Mann
Wolfram Koch als Henry
Luc Schiltz als Herman
Marc Baum als Luis
Serge Wolf als Serge
Mickey Hardt als Ivan
Georg Marin als Mr. Field
Anne Moll als dem Field seng Fra
Anouk Wagener
Laurence Côte
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Les brigands ass e franséisch-lëtzebuergesch-däitsche Spillfilm vum Frank Hoffmann a Pol Cruchten, dee sech labber um Friedrich von Schiller sengem Theaterstéck Die Räuber inspiréiert.

En hat an Däitschland Première den 13. Januar 2015 um Max Ophüls-Festival an zu Lëtzebuerg den 1. Mäerz 2015 um Luxembourg City Film Festival. De 25. Mäerz koum en an de Kino.

Wourëms geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Karl Escher gëtt no 3 Joer aus dem Prisong entlooss, wou e souz, well e säi Papp protegéiert hat, deen e bekannte Banquier zu Lëtzebuerg ass. Hie verdächtegt säi Brudder Franz, Geldwäsch ze bedreiwen. Mee well de Franz näischt dovu wësse wëll an en dobäi nach als Ex-Prisonnéier bei der Famill schlecht mécht, schléisst hie sech enger Gangsterband un, déi sengem Papp säin neien Associé kidnappe wëllen....

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Film war bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschte Spillfilm" nominéiert.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. cineuropa.org: Luxembourg’s D’Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)