Lester Young

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Lester Young, gebueren als Lester Willis Young de 27. August 1909 zu Woodville, Mississippi a gestuerwen de 15. Mäerz 1959 zu New York, war en US-amerikaneschen Tenorsaxophonist, Klarinettist a Komponist.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Säi Liewen

De Lester Young wiist zu New Orleans an enger Familljen op, an deeë jiddereen e puer Museksinstrumenter spillt. De klenge Lester fänkt mat Batterie, Trompett, Altsaxophon a Gei un. 1928 wiesselt en op Tenorsaxophon a spillt beim Art Brosnson sengen Bostonians. A de Joren dropp spillt en bal bei Engem, bal bei engem Aneren. 1936 gëtt hien engagéiert vum Count Basie fir am Reno Club zu Kansas City mat deem senger Big Band opzetrieden. Zu där Zäit begéint en dBillie Holiday an den Teddy Wilson, mat deenen hien spéider nach vill Studiosopnahme maache wäert. 1940 grënnt hien eng eege Band, e Joer dropp spillt e bei sengem Brudder Lee; an 1943 ass en erëm fir eng Zäitchen beim Basie. Da geet en an d'Arméi, mee en Deel dovun verbréngt en an Militärprisongen wéinst Drogenaffairen. Nom Krich gëtt en eng Zäit vum Norman Grantz gemanaged fir deem seng Jazz at the Philharmonic Tourneeën. Wéinst sengen Alkoholproblemen fënnt hien nëmme nach Free-Lance-Aarbecht an Orchesteren. Säin éischten Europa-Optrëtt hat en 1952, an dee leschten am Februar 1959 am Blue Note zu Paräis. E puer Deeg drop ass de Lester Young am Hotel Alwin zu New York un Häerzversoe wéinst Alkoholismus gestuerwen.

[änneren] CD - Tipps

  • Lester Young: Complete Savoy Recordings, Savoy Jazz, 2 Cden
  • Billie Holiday, Lester Young: Complete Recordings, Jazz Factory, Spuenien, 2 CDen

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen