Lëtzeburger Freihétskämpfer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Lëtzeburger Freihétskämpfer (L.F.K.) war e Mouvement vu lëtzebuergesche Resistenzler, deen am Zweete Weltkrich (Januar 1941) zu Déifferdeng gegrënnt gouf. D'Gestapo hat doriwwer Wands kritt an huet de Grënner den Ady Claude verhaft. De ganze Mouvement huet dorënner schwéier gelidden.

D'Membere vun de Lëtzeburger Freihétskämpfer (L.F.K.) kruten eng Memberskaart, op där Follgendes vermierkt war:

>Ech sin mat vollem Wessen a Wöllen der L.F.K. beigetrueden<
>Ech verspriechen:<
>Trei der Hémecht<
>Trei dem Herrscherhaus<
>Trei der L.F.K. a sénge Verordnungen<

All Memberskaart hat ausserdeem eng eemoleg Nummer a war duebel ofgestempelt, eemol mam gekréinte Lëtzebuerger Léiw op blo-wäissen Hannergrond, a eemol mam Code-Numm vun där Autoritéit, déi d'Kaart ausgestallt hat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]