Lex Weyer (1966)

Vu Wikipedia

De Lex Weyer junior, gebuer de 4. Januar 1966 zu Lëtzebuerg, ass e Graphiker an Illustrator.

Hien ass de Jong vun der Anne an dem Pit Weyer, déi zu Lëtzebuerg als Graphiker an Illustrateure bekannt sinn. De Lex Weyer junior huet op der Uni Essen an Däitschland Graphik an Illustratioun studéiert. Hien huet als Zeecheprof, Graphiker an als Enseignant fir Design, Illustratioun, Zeechnen a Lëtzebuerger Sprooch geschafft. Zesumme mat sengem Papp schafft hien elo an enger klenger Graphikfirma, déi scho vu sengem Grousspapp, dem Lex Weyer senior (1914-2005) am Joer 1965 gegrënnt gouf: lex+pit weyer.

Besonnesch fir déi sëllegen Theaterplakater an déi reegelméisseg Illustratiounen an der Zäitschrëft ons stad ass d'Firma lex+pit weyer an de kulturelle Kreesser bekannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]