Li (Floss)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Asia stub.png Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den idyllësche Li (Floss)
Den Elefanterüssel

De Li-Floss, och Lijiang genannt, ass eng chineesësch Touristenattraktioun, mat dat schéinst, wat d'Vollekrepublik China ze bidden huet.
De Li ass en 100 km laange Floss deen op enger Längt vun 83 km vu Guilin aus bis Yangshuo mat Schëffer fir Touristen befuer gëtt. D'Visiteure kënnen do eng aussergewéinlech Landschaft gesinn, eng exotesch Landschaft wéi aus engem Märchebuch, déi et soss an der Welt néierens gëtt. Op den zwou Säite vum Li-Floss wuesse Kalleksbierger, déi meeschtens eng ofgeflaacht spatz Form hunn, gewëssermossen an den Himmel. Well dëse Kalleksteen (dt.:Karst) brëcheg ass a sech zersetzt, hu sech do vill Hielen oder aner komesch Hiwwelen a Formatioune gebilt, déi all kuckeswäert sinn. Vill chinesesch Moler hu sech vun dëse Landschaftsbiller inspiréiere gelooss. Et fënnt een déi Landschaften och op chinesesche Seidebiller erëm.

Wat eng Faart um Li iewer besonnesch interessant mécht, ass d'Geleeënheet, déi een huet, fir de Chinesen op de béiden Uferen nozekucken, wéi se liewen, wéi se hiren Aker bebauen, wéi se schaffen, wéi se fësche ginn, an dann op selwer gebaute Flasser mat hire stréie Kierf bei d'Schëffer kommen, fir do hir Fësch ze verkafen. Déi Schëfffaart hält meeschtens bei Yangshuo op, enger klenger Touristenuertschaft, wou e Souveniren ze kafe kritt an e Vëlo ka lounen, fir op d'Land erauszefueren.

Inhaltsverzeechnes

Literatur [änneren]

Fotosalbum iwwer de Li-Floss [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]