Libido
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Libido (lat. f.) (Geschlechtsdriff, sexuellt Verlaangen, Loscht op Sex, Befriddegung ...) ass an deene meeschte Sproochen e substitutionelle Begrëff fir d´sexuell Regungen a Besoinen, well déi meescht Sproochen kee vergläichbar preziist Wuert opweises hu fir dat auszedrécken. D´Biologie huet als éischt dëse laténgesche Begrëff iwwerholl. Gemengt ass domatt quasi all emotional Relatioun, déi vum Geschlechtsdriff ausgeet.
D'Stäerkt vun der Libido hänkt vum individuelle Gesondheetszoustand a konsequenterweis vum Alter of. D'Libido ass hormonell (an androgen) gesteiert a gewënnt am Laf vum mënschleche Liewen u Bedeitung: z.B. eng kontinuéierlech Steigerung vun der sexual-anatomescher Sensibilitéit, eng Steigerung vun der sënnlecher Stimulatioun an eng gutt Harmonie an der sexueller Partnerschaft asw.
D'Libido ass biologesch nëmme wéineg ze beaflossen; e bëssen durch Klimaverhältnësser an Ernierung. Séilesch ass se vill méi fragil. Je no séilescher Stabilitéit oder mentaler Hygiène brauch et net vill fir eng Sexualstéierung ervirzeruffen (Impotenz, Frigiditéit, Hyposexualitéit ...)
[änneren] Um Spaweck
|
|||
|
Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter |