Lieder

Vu Wikipedia
E Koup Lieder, dat nach net verschafft gouf

Lieder ass e strapazéierfäegt a flexibelt Material, dat aus der Haut vun Déiere gemaach gëtt. Déi Haut gëtt gegierft an domat cheemesch haltbar gemaach, awer hir natierlech Faserstruktur bleift dobäi erhalen. Lieder gëtt fir eng ganz Rei vu Produkter benotzt, wéi zum Beispill fir Bicher ze bannen, an der Moud (Schung, Rimmer, Jacketten, Poschen....) oder an der Miwwelproduktioun (Fotellen, Still...).

Dat meescht Lieder gëtt aus der Haut vu Ranner, Geessen oder Schof gemaach.[1] Et gëtt awer och Lieder aus der Haut vu Krokodilen, Büffelen, Känguruen, Schlaangen, Straussen an aneren Déieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lieder – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. World Statistical Compendium for raw hides and skins, leather and leather footwear 1993-2012