Liewel

Vu Wikipedia
Liewel
Leewel
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Levelange
de: Levelingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Biekerech
Buergermeeschter Thierry Lagoda
Awunner 55
  12.07.2006
Fläch 222,3486 ha
Koordinaten 49° 44’ 21’’ N
      05° 51’ 18’’ O

Liewel (lokal: Leewel[1]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Biekerech. Zu Liewel gëtt et eng Kapell an 20 Haiser dovu si 5 grouss al Bauerenhäff an eng al Millen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Liewel läit am Dall vun der Pall an engem Dräieck dee vun den Nationalstroossen N 24 an N 22, an dem CR301 gemaach gëtt, an tëscht Uewerpallen a Biekerech. Zu Lëtzebuerg stéisst et nach un d'Gewan vun Ell a vu Kolpech an op der Belscher Säit am Süde läit op der Kopp Giisch.

Liewel läit zum gréissten Deel um Lëtzebuerger Sandsteen a just den Deel op Ell zou mam Stiefeschbësch huet méi schwéier Biedem.

Den héchste Punkt vu Liewel läit beim Geessebierg no bei der Quell vun der Merelbaach op enger Héicht vun 300 m, a seng déifst Plaz ass op 276 m an der Grousswiss.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.