Liewensmëttel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Liewensmëttele sinn d'Ernierungsmëttelen, déi d'Mënsche fir d'Iwwerliewe brauchen. Am Géigesaz zu de Genossmëttel, déi de Kierper net brauch, si si fir den Organismus a fir all Kierperfonktiounen noutwënneg. Liewensmëttel fir Déieren ginn allgemëng Fudder oder Fuddermëttelen genannt
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Nährwert
Ënnert dem Nährwert versteet een déi Energie déi dem Kierper iwwert d'Nahrung zur Verfügung gestallt gëtt.
[änneren] Gluciden, Lipiden a Proteinen
Nahrungsbestanddeeler, déi Energie liwweren, sinn: d'Gluciden (17 kj/g) an d'Lipiden (34 kj/g). Di ginn dohier och Brennstoffer genannt. D'Proteinen (17 kj/g) liwweren zwar och Energie, ginn awer éischter zu de Baustoffer gezielt. Si hunn Aminosaieren déi fir d'zellulär Proteinsynthes wichteg sinn.
[änneren] Vitaminen, Balaststoffer a Mineralstoffer
D'Balaststoffer sinn onverdaulech a ginn erëm ganz ausgescheed. D'Mineralstoffer an d'Vitaminen si liewensnoutwenneg. Den Organismus ka si net selwer hierstellen a si mussen dofir mat der Nahrung opgeholl ginn.
[änneren] Zousazstoffer
Zu den Zousazstoffer kann een d'Aromastoffer, Bannmëttel, Konservéierungsstoffer, d'Geschmachstoffer an Additiver zielen. Et si Liewensmëttelzousazstoffer déi de Geschmach, d'Ausgesinn an de Verfallsdatum vun de Liewensmëttel beaflossen.
[änneren] Liewensmëttelgruppen
[änneren] Produkter aus der Natur
[änneren] Eewäiss-Produkter
- Sprossen a Hülsenfrüchte
- Sojaprodukter
- Nëss a Som
- Mëllechprodukter a Kéis
- Eeër
- Fësch
- Crustacéën
- Fleesch
- Gefliggel a Wëld
- Charcuterie