Liberal Liga

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ligue Libérale)

D'Liberal Liga (offiziell: Ligue Libérale) war eng politesch Partei zu Lëtzebuerg tëscht 1904 an 1925. Si war indirekt d'Virgängerpartei vun der haiteger Demokratescher Partei (DP).

D'Liberal Liga, déi, wéi hiren Numm et seet, enger liberaler Stréimung ugehéiert huet, ass 1904 entstanen, andeems sech verschidde Gruppéierungen, déi et an der Chamber gouf, fomell zesummegedunn hunn. D'Grënnungsversammlung war de 17. Januar an der Villa Louvigny. Éischte President war den Alphonse Munchen. D'Liberal Liga hat hir Basis virun allem an de Mëttelse Klassen. Zesumme mat der Sozialistescher Partei huet si ufanks de sougenannte Lénksblock an der Chamber forméiert. Dësen huet sech géint den Afloss vun der Kierch, virun allem an der Schoul, gewiert, an e konnt sech dann och beim Vote vum Schoulgesetz vun 1912 duerchsetzen.

Den Haaptmann vun de Liberalen, de Paul Eyschen, dee 27 Joer laang Premierminister war (vun 1888 bis zu sengem Doud 1915), war, trotz der Ënnerstëtzung vu senger Regierung an der Chamber duerch d'Liberal Liga, ni e Member dovun, wéi iwweregens seng Ministeren och net. Dëst war mat ee vun de Grënn, datt nom Eyschen sengem Doud, trotz liberaler Dominanz, d'Regierunge vum Mathias Mongenast an déi vum Victor Thorn hu missen zerécktrieden.

Nom Éischte Weltkrich huet d'Liberal Liga manner Stëmme kritt; Grënn heifir waren ë. a. d'Aféiere vum Allgemenge Walrecht an de Fait, datt déi nei Politiker déi bäikoumen, manner Ënnerstëtzung fonnt hu wéi déi "al Garde" an de Jore virdrun.

Sou koum et dann och dozou, datt d'Liberal Liga 1924 auserneegebrach ass, an 3 separat Parteie gegrënnt goufen: d'Radikal Sozialistesch Partei (Parti socialiste radical), d'Liberal Lénk (Gauche libérale) an d'Radikal Partei (Parti radical).

1934 hunn dës 3 Parteie sech nees ënner dem Numm Radikal-Liberal Partei (Parti radical-libéral) vereenegt, aus deem dann nom Zweete Weltkrich déi haiteg DP ervirgaangen ass.

Resultater bei de Chamberwalen 1918-1922[änneren | Quelltext änneren]

Resultater bei de Chamberwalen
Liberal Liga 1918-1922
Joer Sëtz vun am Ganzen
1918 10 53
1919 7 48
1922 9 48

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Rob Roemen: Aus Liebe zur Freiheit. 150 Jahre Liberalismus in Luxemburg, gedréckt 1995