Ligue européenne de natation
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Ligue européenne de natation, kuerz LEN, ass den Dachverband vun den europäeschen nationalen Schwammfederatiounen.
Historique [änneren]
D'Ligue européenne de natation gouf 1927 zu Bologna an Italien gegrënnt.
2010 gouf de Sëtz vu Roum an d'Stad Lëtzebuerg verluecht. De Sëtz, deen zënterhier an der Groussgaass ass, gouf den 22. Abrëll 2010 a Presenz vum lëtzebuergesche Sportsminister Romain Schneider ageweit.
President vun der LEN ass zënter 2008 de Lëtzebuerger Nory Kruchten.