Ligue nationale luxembourgeoise pour les auberges de la jeunesse

Vu Wikipedia

D'Ligue nationale luxembourgeoise pour les auberges de la jeunesse (L.A.J.) war de Verband vun de lëtzebuergesche Jugendherbergen, dee virum Zweete Weltkrich existéiert huet.

D'Grënnungsversammlung vun der L.A.J. war den 19. Abrëll 1934 am Regierungsgebai an der Stad. Si ass vum Regierungsconseiller Adolphe Scholtus presidéiert ginn; dobäi waren ë. a. de Professer Pierre-Joseph Müller, den Adolphe Belot vu Stengefort, de Jérôme Anders, Sekretär vun der Union des villes et centres touristiques, an den André Wolff. De P.J. Müller gouf President, an den A. Belot Sekretär.

An deem Moment gouf et véier Jugendherbergen am Land, an zwar zu Stengefort, Miersch, Réimech a Klierf.[1] Am Oktober 1934 ass déi lëtzebuergesch Ligue um Kongress zu London an den internationale Verband vun de Jugendherbergen opgeholl ginn.[2]

D'Regierung an d'Arbed hunn d'Ligue finanziell ënnerstëtzt. Scho kuerz no hirer Grënnung hunn de Prënz Jang an d'Prinzessin Elisabeth de Patronnage iwwer d'L.A.J. iwwerholl.[3]

Nom Krich gouf et en neie Start fir d'Jugendherbergen. De 14. Februar 1946 huet sech am Siège vum Office luxembourgeois de tourisme e provisoresche Comité constituéiert, dee sech zum Zil gesat huet, d'Aktivitéit vun de Jugendherbergen nees unzekuerbelen. Dëse Comité huet sech den Numm Centrale des Auberges de Jeunesse Luxembourgeoises ginn. D'Sekretariat vun där neier Organisatioun war am fréieren Hotel Staar an der Stad (Eck vun der Avenue de la Gare an der Avenue de la Liberté) installéiert. D'Kompositioun vum provisoresche Comité war déi heiten: President: Prof. Pierre Frieden; Vizepresident: Carlo Hemmer; Sekretär: Robert Ginsbach; Tresorier: Jos. Elcheroth, Memberen: Prof. Simone Nitschké-Hansen, Jérôme Anders, Prof. Mathias Thinnes; Prof. Jos. Meyers, Prof. Léon Bollendorff, Georges Schmitt, Eug. Weber, Carlo Galowich.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gründung des Nationalverbandes lux. Jugendherbergen. In: Escher Tageblatt 1934, Nr. 93 (21. April), S. 6. — De P.J. Muller (Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Luxembourg 1968, S. 377) gëtt iertemlecherweis den 3. August 1934 als Grënnungsdag vun der Ligue un.
  2. M.W.: Jugendherbergen. Ligue Nationale Luxembourgeoise pour les Auberges de la Jeunesse. In: A-Z: Luxemburger illustrierte Wochenschrift 1938, Jhg. 6, Nr. 15 (10. April), S. 4-5. [1]
  3. A. Grosbusch: Un siècle de mouvements de jeunesse. In: M. Gerges (éd.): Mémorial 1989: la Société luxembourgeoise de 1839 à 1989. Luxembourg 1989, 280f.
  4. Auberges de Jeunesse Luxembourgeoises. Luxemburger Wort 1946, Nr. 49 (18. Februar), S. 3.