Liichtbou

Vu Wikipedia

Als Liichtbou vun engem astronomeschen Objet bezeechent een de Graph, deen d'Liichtkraaftofhängegkeet vun der Zäit duerstellt. Aus Verännerunge vun der Liichtkraaft, déi als visuell Magnitude gemooss gëtt, loosse sech Réckschlëss op d'Eegeschafte vum observéierten Objet zéien.

Sou ass de Liichtbou vun engem bedeckungsverännerleche Stär streng periodesch, woubäi d'Minima relativ kuerz sinn. Bei pulsatiounsverännerleche Stäre vum Typ Cepheiden ännert sech dogéint d'Liichtkraaft kontinuéierlech, awer och streng periodesch.

Unhand vum Liiichtbou vun engem Asteroid, bei deenen et sech dacks ëm onreegelméisseg geformte Kierper handelt, kann hir Rotatiounsdauer bestëmmt ginn. Wann heiansdo ee vun dëse Klengkierper vum Äerdmound bedeckt gëtt, léisst sech aus der Dauer vum Liichtoffall säin Duerchmiesser berechnen.

Vill vun den nogewisenen Exoplanéite goufe mat der Method vun der Stärebedeckung a mat enger Analys vum Liichtbou nogewisen. Dobäi gëtt e minimale periodesche Réckgang vun der Stäreliichtkraaft observéiert.